
Ugepaff gëtt d’Partie um 20.30 Auer mëtteleuropäesch Zäit zu Stoke-on-Trent virun 30.000 Spectateuren.
Den FLF-Dammennationaltrainer Dan Santos: Ech hat d’lescht Joer gesot, wéi mer de Kalenner kruten, datt mer am September géint de Europameeschter géife spillen, esou ass et jo elo och agetrueden. Natierlech war et nom éischte Match bei eis doheem net einfach, an trotzdeem wëlle mir et hei, virun 30.000 Leit, besser maachen.
Den Allermatch haten d’Lëtzebuerger Dammen am Stade de Luxembourg mat 0-10 verluer. Haut gëtt et sécherlech net méi einfach, well d’Englännerinne weisen hirem Public och nach eng Kéier d’Coupe, déi si Enn Juli an der Final vun der Europameeschterschaft am Wembley Stadion, mat enger 2-1 Victoire no Verlängerung géint Däitschland, gewonnen haten.
D’Englännerinnen hunn déi éischt 9 Matcher an der Qualifikatioun alleguer gewonnen a sti mat enger Goldifferenz vu 70:0 souverän als Gruppenéischten un der Tabellespëtzt.
No der 1:2 Defaite géint Nordirland, steet d’FLF-Selektioun mat 9 Punkten op der 4. Plaz.
