Form virum Novotel Cup stëmmtLëtzebuerger Dammennationalekipp wënnt Dräier-Tournoi am Liechtenstein

RTL Lëtzebuerg
D'Géignerinnen aus Andorra a Liechtenstein goufen ouni Sazverloscht geklappt.
© AFP

An der Virbereedung op den Novotel Cup 2020 vum 3. op den 5. Januar an der Coque huet déi Lëtzebuerger Dammennationalekipp dëse Weekend een Dräier-Tournoi am Liechtenstein ouni Sazverloscht fir sech entscheet.

An der 1. Partie géint Andorra e Freideg hunn eis Damme sech 3:0 op 14, 18 an 9 duerchgesat. Am 2. Match e Samschdeg geint d’Nationalekipp aus dem Liechtenstein gouf et op ee Neits een onerwaart däitlechen 3:0-Succès, déi Kéier op 16, 13 an 19.

Back to Top
CIM LOGO