
Dorënner de Jim Mayer, den Tom Becker, de Gilles Evers, de Mingo Claudiano an de Yosuke Nakamura. Um Freideg stoung den Tournoi am Dubbel um Programm, wou de Mingo Claudiano an de Yosuke Nakamura an der Ronn vun den Top 64 géint de Wesley Plaisier an den Alexander Merkx verluer hunn. Den Dubbel Jim Mayer an Tom Becker konnt sech bis an d’Final kämpfen a sech dunn an engem spannende Match géint de Wesley Plaisier an den Alexander Merkx den Titel sécheren. Déi zwee hollännesch Spiller si jeeweils op Plaz 1 an op Plaz 4 op der Weltranglëscht.
Um Samschdeg stoung déi éischt Competitioun am Eenzel un, wou schonns an der éischter Ronn fir all d’Lëtzebuerger Schluss war. An der zweeter Eenzel-Competitioun um Sonndeg sollt et awer e bësse besser lafen.
Wärend de Gilles Evers, de Mingo Claudiano an de Yosuke Nakamura déi éischt Ronn net iwwerstanen hunn, ass et fir de Jim Mayer besser gelaf. An engem staarken a spannende Match géint de Schwäizer Thomas Junghanshuet huet hie sech dunn awer musse geschloe ginn.
Den Tom Becker sollt bis an d’Top 64 kommen, wou de fréiere PDC-Spiller Chas Barstow op hie gewaart huet. Leider sollt och hei fir den Tom Becker no enger 4-2 Defaite Schluss sinn.