7. Dag vun den European GamesLëtzebuerger Fechter haten net de beschten Dag erwëscht

RTL Lëtzebuerg
Och um Dënschden waren nees puer vun de Lëtzebuerger Athleten bei de European Games zu Krakau a Polen am Asaz.
© Archiv

Um Programm waren op en Neits Fechten a Badminton. Am Fechte war et en Dënschdeg un der Rei vum Flavio Giannotte, Benoit Omont an Niklas Prinz. Déi dräi Hären duerften an der Kategorie Epée fir d’Round of Pools a jeeweils sechs Kämpf hir Form op d’Prouf stellen.

De Flavio Giannotte konnt sech hei am beschten aus der Affär zéien. A sengem Grupp konnt hie sech a sechs Dueller véiermol behaapten. Mat engem Score vu 4:2 spréngt domat zum Schluss déi drëtt Plaz an der Grupp fir hien eraus.

Am Tableau vun de beschte 64 sollt awer doropshin en ondankbare Géigner op hie waarden. Mam Miguel Frazao aus Portugal war nämlech schonn direkt am éischten Duell Schluss fir de Lëtzebuerger no enger knapper 13:15-Néierlag.

Mat engem gewonnenen Duell manner war et och net schlecht fir den Benoit Omont zu Ufank gelaf. Hie packt et mat engem Score vun 3:3 a senger Grupp op déi fënneft Plaz. Domat hat hien och genau sou vill Dueller gewonnen a verluer wéi de Gruppendrëtten.

Genee wéi beim Giannotte sollt awer och fir de Benoit Omont schonns an der éischter Ronn vun de beschte 64 Schluss sinn. Hie verléiert hei mat 7:15 géint de Frederik Von Der Osten aus Dänemark.

Manner gutt war et fir de jéngste vun den dräi Fechter gelaf. Den Niklas Prinz misst sech a fënnef Dueller direkt fënnefmol geschloe ginn. Sou dass hien zum Schluss och op der leschter Plaz a senger Grupp lant. Domat war hien net qualifizéiert fir déi nächst Ronn.

Am Badminton ass et dogéint besser gelaf. No der 2:1-Victoire e Méindeg vum Kim Schmidt bei den Damme gouf et en Dënschdeg e weideren Erfolleg fir dat réischt 19 Joer aalt Talent.

D’Lëtzebuergerin konnt direkt vun Ufank un den Toun uginn an deen éischte Saz mat 21:13 gewannen. Am zweete Saz gouf et dunn nach eng Kéier dat selwecht Resultat, mee ëmgedréint. Mat 13:21 hat d’Katrin Neudolt sech zréck an dës Partie gemellt. Am leschten a decisive Saz konnt d’Kim Schmidt et dunn nach besser maache wéi am éischte Saz a mat 21:11 gewannen.

Domat gewënnt d’Spillerin vum BC Jonglënster och dëse Match mat 2:1 géint d’Katrin Neudolt aus Éisträich.

E Mëttwoch gëtt et awer sécher méi schwéier fir d’Kim Schmidt am drëtte Match géint d’Mia Blichfeldt aus Dänemark. D’Géignerin ass nämlech net manner wéi déi d’Gewënnerin vun de European Games zu Minsk 2019.

Béid Spillerinne gi mat der nämmlechter Unzuel u Victoiren e Mëttwoch an de leschte Match vum Grupp B. D’Partie soll méi fréi wéi soss schonns um 9.30 Auer gespillt ginn.

Bei den Häre sollt et fir de Jérôme Pauquet och am zweeten Ulaf kee Succès ginn. No engem serréierten éischte Saz, deen de Lëtzebuerger mat 17:21 verluer huet, sollt et am zweete Saz mat 9:21 net besser lafen. Hie verléiert domat säi Match géint den Norweger Markus Barth mat 0:2.

Och hie spillt säi leschte Match bei den Hären am Grupp F e Mëttwoch um 16 Auer géint den Andraz Krapez aus Slowenien.

Back to Top
CIM LOGO