Zanter zweeanenhallef Joer ass de Waldemar Helm Lëtzebuerger Nationaltrainer. Wärend 12 Joer war hien däitschen Nationaltrainer an hie weess, vu wat hie schwätzt.
Wa vun olympesche Spiller rieds ass, da fält virun allem den Numm vum Secu Coulibaly, e Supertalent, dat leider nach un den Tester fir d’Lëtzebuerger Nationalitéit doktert an dohier nach keng Punkten op de groussen internationale Rendezvousen, wéi Welt- an Europameeschterschaft, fir de Ranking sammele kann.
De Secu Coulibaly huet Ambitiounen. En éischte Meilesteen fir d’Taekwondo-Federatioun ass d’Selektioun vum Isabelle Faber fir d’European Games Enn Juni zu Krakau.
Mam Isabelle Faber a mam Secu Coulibaly hunn déi jonk Athleten an Athletinnen zwee Virbiller. D’Lisa Vrösch ass eng vun de jonke Sportlerinnen, déi mat Begeeschterung hir éischt Erfarungen op engem internationalen Turnéier sammele konnt. Den éischte Match gouf alt emol gewonnen.
Esou e grousst internationaalt Turnéier, mat 1.000 Sportler a Sportlerinnen aus 58 Länner, dovunner ronn d’Hallschent Cadeten a Junioren, ass aus villen Hisiichten e wichtegt Element um Wee no uewen.
D’Federatioun ass och mat neie Pläng ënnerwee, nämlech d’Organisatioun vun der Europameeschterschaft vun de Cadeten oder Junioren.