U17-EuropameeschterschaftLëtzebuerger Futtball-Nationalekipp an engem Grupp mat Däitschland

RTL Lëtzebuerg
D'Lëtzebuerger U17-Nationalekipp spillt op der Europameeschterschaft am Grupp A géint Israel, Däitschland an nach e Géigner, deen nach net feststeet.
© RTL Archiv

De Qualifikatiounsgrupp mat Italien, Polen, Ukrain a Kosovo muss nämlech nach gespillt ginn. De Gewënner heivu kënnt an de Lëtzebuerger Grupp. D’Europameeschterschaft gëtt vum 16. Mee bis den 1. Juni an Israel gespillt.

Tirage U17-EM am Futtball / Reportage Jeff Kettenmeyer

Back to Top
CIM LOGO