
Am Äishockey ass den Ament d’Weltmeeschterschaft vun der Divisioun 3B zu Hongkong amgaangen. D’Lëtzebuerger Hären haten den Optaktmatch géint d’Lokalekipp verluer, dunn awer 7-5 géint d’Mongolei gewonnen an en Donneschdeg 4-2 géint d’Philippinnen.
Am 4. Gruppematch geet et um Freideg géint den Usbekistan, an e Samschdeg dann nach géint Nordkorea.