Et ass confirméiertLëtzebuerger Mathias Olesen ënnerschreift Profikontrakt beim FC Köln

RTL Lëtzebuerg
De Kontrakt vum 20 Joer jonke Futtballspiller mam Bundesligist geet iwwer zweeanenhalleft Joer bis 2024.

De Lëtzebuerger Nationalspiller ass zanter den U19 beim 1. FC Köln. An de leschte Wochen hat den Mëttelfeldspiller an Zentralverteideger awer scho mat de Profien mat trainéiert an souz och scho bei zwou Partien vun der 1. Liga op der Bänk. Den FC Köln huet um Freideg op senger Homepage matgedeelt, datt een dat jonkt Lëtzebuerger Talent fir d’Profiekipp engagéiert huet. RTL hat dëst schonn en Donneschdeg gemellt.

Back to Top
CIM LOGO