
De Match war gutt fir d’Lëtzebuerger Léiwinnen ugaangen, well an der 14. Minutt gouf et een Hand-Eelefmeter fir Lëtzebuerg. D’Marta Estévez Garcia huet sech där Saach ugeholl a flaach an de lénken Eck eragesat.
Nëmme ronn 20 Minutte méi spéit gouf et nees en Eelefmeter, deen Ament awer zu Gonschte vu Malta. D’Eva Fernandes hat eng malteesesch Spillerin am 16-Meter-Raum gefault. D’Haley Bugeja konnt fir Malta op 1:1 ausgläichen.
An der zweeter Hallschent hat Malta déi besser Chancen a konnt an der 67. Minutt duerch e Kappball vum Haley Bugeja op 2:1 setzen.
Dat war dann och d’Schlussresultat no 94 Minutten.