
Grond genuch fir d’"Canaries”, wéi sech de Club déi Säit der Manche och nach nennt, de Lëtzebuerger Lénksfouss offiziell op der Internetsäit virzestellen an den Nach-Diddelenger méi genee ënner d’Lupp ze huelen.
Confirmatioun vu Wiessel
Ugefaange gouf mat enger offizieller Cofirmatioun, datt den 23 Joer jonke Lëtzebuerger Nationalspiller bis de Summer 2023 bei Norwich City ënnerschriwwen huet.
RTL.lu hat de Wiessel vum Danel Sinani op d’Insel jo d’lescht Woch scho vum Veräin aus der Forge du Sud confirméiert kritt.
LINK: Transfert: Danel Sinani wiesselt bei Norwich City “Factfile": Danel Sinani
Donieft krut de Lëtzebuerger Lénksfouss och e sougenannte “Factfile” dediéiert. Hei gëtt den Offensivmann kuerz virgestallt a seng Karriär bis zum abléckleche Moment resuméiert.
Interview via Videokonferenz
Zu gudder Lescht stoung den Danel Sinani an engem Interview via Videokonferenz op dem Youtube-Kanal vum Veräin Norwich City nach Ried an Äntwert. Hei erkläert de jonke Lëtzebuerger, datt hie vill gutt Saache vum englesche Club héieren huet a sech immens géif freeën, fir vun der nächster Saison u bei de “Canaries” seng Futtballschong ze strécken.
Norwich City ass den Ament an der englescher Premier League op der leschter Tabelleplaz mat engem Réckstand vu 6 Punkten op eng Net-Ofstigsplaz.