TransfertDanel Sinani wiesselt bei Norwich City

RTL Lëtzebuerg
Den Danel Sinani wiesselt déi nächste Saison vum F91 Diddeleng an England an d'Premier League bei Norwich City. Dat huet hien eis op Nofro hi confirméiert.

De Lëtzebuerger Nationalspiller huet ee Kontrakt iwwer 3 Joer ënnerschriwwen. Zanter Enn Januar goufen et Rumeuren, dass de Veräin aus der englescher Premier League um Diddelenger Offensivspiller intresséiert wier.

Aktuell steet Norwich an der Tabell op der leschter Plaz vun der Premier League. Trainéiert gëtt d’Ekipp vum Däitschen Daniel Farke.

Wéinst dem Coronavirus ass d’Saison an England, genee wéi hei zu Lëtzebuerg ënnerbrach. Wéini weider gespillt gëtt, ass nach net gewosst.

Den Danel Sinani huet an dëser Saison fir den F91 Diddeleng a 16 Matcher 14 Goaler geschoss. An der Europa-League konnt den 22 Joer jonken Offensivspiller 4 mol markéieren.

Back to Top
CIM LOGO