
An der 2. Divisioun huet d’Lëtzebuerger Delegatioun och um 2. Dag 59 Punkte gesammelt. Am General läit ee weider op der leschter Plaz ënnert 16 Ekippen.
E Mëttwoch waren de Steve Weiwert (Hummer), de Louis Muller (Wäitsprong), d’Sofia Vavakou (Stafhéichsprong), d’Victoria Rausch (100m Hecken), d’Charline Mathias (800m), de Charles Grethen (1500m), de François Grailet (110m Hecken), de Bob Bertemes (Diskus), d’Charline Lefevre an den David Friederich (400m Hecken), 4x 100m (Rausch, Rossi, Jones, De Sousa Moreira, Puraye), 4x 100m (Grailet, Bidaine, Boussong, Wallig, Juncker).
Bei de Resultater vun de Lëtzebuerger huet den nationale Rekord vun der 4x100m Staffel bei den Hären (Grailet, Bidaine, Boussong an Wallig) erausgestach. Mat 40,98 Sekonnen ass een 30 Honnertstel ënnert dem ale Rekord aus dem Joer 2019 bliwwen.
Eng zweete Plaz an domadder 15 Punkten huet sech de Charel Grethen iwwer 1500 Meter geséchert. Eng drëtte Plaz gouf et fir d’Victoria Rausch. De François Grailet ass mat 13,99 Sekonnen eng nei Beschtzäit fir dës Saison gelaf. De Steve Weiwert huet mat 46,90 Meter eng nei perséinlech Beschtleeschtung opgestallt. Eng perséinlech Beschtleeschtung gouf et och fir de Louis Muller. Eng nei Saison-Beschtzäit ass d’Charline Mathias mat 2 Minutten, 8 Sekonnen an 73 Honnertstel gelaf.