
No der extrem knapper Defaite e Mëttwoch géint Zypern hunn d’Lëtzebuerger Dammen en Donneschdeg mat 3:0 géint San Marino gewonnen. D’Laura Palumbo hat den éischten Optrëtt an huet an zwee Sätz mat 6:0 a 6:2 gewonnen. Duerno konnt d’Eleonora Molinaro och den zweeten Eenzel an zwee Sätz mat 6:1 a 6:4 gewannen an och den Dubbel goung un d’Lëtzebuerger Team. Hei gewanne Palumbo/Schaul mat 6:0 a 6:2. Aktuell stinn d’FLT-Dammen am Europa Grupp III bei zwou Victoiren an enger Defaite.