11. Dag vun de European GamesLëtzebuerger Triathleten kommen op déi 11. Plaz

RTL Lëtzebuerg
E Samschdeg ware bei de European Games zu Krakau a Polen Lëtzebuerger Sportler am Triathlon an am Schéissen am Asaz.
© FLTRI

Am Triathlon sinn déi véier lëtzebuergesch Athleten bei der gemëschter Staffel op déi 11. Plaz vu 15 komm. D’Jeanne Lehair, de Gregor Payet, d’Eva Daniëls an de Lucas Cambresy sinn un den Depart gaangen a ware mat enger Zäit vun 1:09:21 ënner anerem méi séier wéi déi däitsch a polnesch Triathleten. De Cambresy huet iwwerdeems de Bob Haller remplacéiert, dee sech um Mëttwoch blesséiert hat an dowéinst net un den Depart konnt goen.

Beim Trappschéisse konnten d’Lena Bidoli an de Lyndon Sosa sech an der Qualifikatioun net ënnert deenen éischte 4 klasséieren. Déi lëtzebuergesch Sportler hu mat 123 vun 150 méigleche Punkten déi 21. Plaz an domat lescht Plaz beluecht.

Déi jonk Badminton-Spillerin Kim Schmidt ass iwwerdeems ausgewielt ginn, fir de Lëtzebuerger Fändel bei der Ofschlossfeier um Sonndeg den Owend ze droen.

Back to Top
CIM LOGO