
Fir d’Lëtzebuerger U17-Dammen-Nationalekipp ass e Méindeg den Owend eng international Campagne op en Enn gaangen. Zil war et, déi éischt Plaz am Grupp mat Belarus, Georgien an Armenien ze erreechen an domadder an d’Liga A opzesteigen. Nëmme vun do aus kann ee sech fir déi nächsten EM qualifizéieren. Dorausser ass awer näischt ginn.
Dobäi hat et déi lescht Woch en Dënschdeg zu Bieles guer net sou schlecht ausgesinn. Well d’Rout Léiwinne kruten direkt 3 Punkten. Dat leschten Duell hat d’U17 11:0 géint Georgien gewonnen. E Dënschdeg huet een awer 66 Minutte missen waarden, bis den éischte Gol gefall ass. Bannent 23 Minutten huet d’Charlotte Schmit dunn awer en Hattrick markéiert an domadder fir d'3:0-Victoire fir Lëtzebuerg gesuergt.
E Freiden géint Belarus huet iwwerraschend net d’Emma Goetz, mee d’Joy Jung am Lëtzebuerger Gol gespillt. En ongléckleche Choix vum lëtzebuergeschen Trainergrupp, well d’Goalkeeperin vun Issel net hire beschten Dag erwëscht hat. Mee et louch awer och net eleng um Joy Jung, dass déi Rout Léiwinnen zu Munneref keng Chance géint hire gréisste Konkurrent am Grupp haten.
D’Meedercher vu Belarus waren einfach physesch a mental méi staark an hu glécklecherweis nach e puer Golchancen ausgelooss, soss wier déi Lëtzebuerger Defaite nach méi héich ausgefall. Um Enn huet ee mat 0:3 de Kierzere gezunn.
E Méindeg den Owend huet ee sech dunn nach mat 1:0 géint Armenien déi zweete Victoire geséchert.
Mat zwou Victoiren an enger Néierlag kënnt een um Enn op déi 2. Plaz am Grupp 1 vun der Liga B. Déi éischt Plaz an domadder den Opstig huet sech Belarus geséchert. An der Tabell vun de beschte Gruppenzweet gëtt Lëtzebuerger och just den 2. a verpasst och doriwwer den Opstig.