Alain Schneider am InterviewLëtzebuerger U20 ass op der WM a Bosnien-Herzegowina dobäi

RTL Lëtzebuerg
Obwuel et mam Tornado an de Beefort Knights just 2 Äishockeyveräiner bei eis am Land ginn, boomt dës Sportaart awer.
© Archivbild

Reegelméisseg ass d’Nationalekipp op der Weltmeeschterschaft mat dobäi. Elo gëtt et awer eng Première. Fir déi éischte Kéier iwwerhaapt trëtt eng Lëtzebuerger U20-Nationalekipp bei enger Weltmeeschterschaft un.

Zu Sarajewo spillen d’Lëtzebuerger an der drëtter Divisioun géint den Organisateur Bosnien-Herzegowina an och géint Südafrika. Am RTL-Interview huet de President vun der Äishockey-Federatioun, den Alain Schneider, erkläert, wat den Zweck ass, fir bei der WM dobäi ze sinn a wat d’Ziler sinn.

Alain Schneider am Interview iwwer den Zweck

Alain Schneider am Interview iwwer d’Ziler

Back to Top
CIM LOGO