
Zu Sarajewo hunn d’Lëtzebuerger 2 Mol géint Bosnien-Herzegowina a Südafrika gespillt. Um Enn ass déi zweete Plaz an der drëtter Divisioun erausgesprongen. Dat ass net duergaangen, fir déi nächst Saison an der zweeter Divisioun ze spillen. Trotzdeem ass een net ganz onzefridde mat de Resultater.