CHIO OochenLëtzebuerger um gréisste Reitsportturnéier vun der Welt

Isabelle Henschen
Mir hunn eng Reiderin, e Riichter an en Turnéierspriecher um CHIO Oochen begleet.
Dräi Lëtzebuerger um CHIO Oochen
Mir hunn dräi Leit, déi am Lëtzebuerger Päerdssport aktiv sinn, um gréissten Tournoi an dëser Sportaart zu Oochen begleet.

Et ass dat Reitturnéier, wou sech all Joer d’Weltelite trëfft: den C.H.I.O. (Concours Hippique International Officiel) zu Oochen. Tëscht dem 23. Juni a 2. Juli si 600 Päerd an de Competitiounen, déi a fënnef verschidde Reitsportdisziplinne ofgehale ginn, un den Depart gaangen. Sportler aus 32 Natioune sinn ugetrueden. Ënnert de Mataarbechter vum Turnéier a Reider waren och Lëtzebuerger. Mir hunn en Turnéierspriecher, eng Dressurreiderin an e Riichter am Sprangreide sur place mat der Kamera begleet.

Turnéierspriecher

Den Arnaud Petit ass zënter 15 Joer Turnéierspriecher um CHIO zu Oochen. Ee vun den zwee Speaker, déi am grousse Sprangstadion, wou 45.000 Spectateure Plaz fannen, d’Moderatioun maachen. Ugefaangen huet hien säin Hobby als Turnéierspriecher zu Waldbriedemes am Club Étrier Pegasus an ass no an no fir ëmmer méi grouss Reitturnéier ugefrot ginn. Bis zu 30 Reitturnéier d’Joer huet hie schonn emol moderéiert, dorënner och Weltmeeschterschaften. Haut sinn et der nach 7.

Dressurreiderin

D’Fie Christine Skarsoe ass gebierteg Dänin, huet awer déi Lëtzebuerger Nationalitéit. Si lieft a schafft als Trainerin am Reiden a Formatrice fir Dressurpäerd am Grand-Duché. Dëst Joer ass si mat dem Lusitaner-Hengscht mam Numm Imperador dos Cedros am CDI4* um CHIO Oochen gestart an huet sech an der Grand-Prix Kür déi sechst Plaz geséchert. Déi éischte Kéier war et net, dass si zu Oochen dobäi war. Si ass schonn eng Kéier zu Ooche gestart, deemools awer nach mat der dänescher Ekipp.

Riichter am Sprangreiden

De Guy Franziskus huet virun 12 Joer seng Ausbildung als Riichter am Sprangreiden zu Lëtzebuerg ugefaangen. Nodeems hie wärend 7 Joer op nationalem Niveau op Sprangturnéier als Riichter am Asaz war, huet hie sech entscheet, d’Weiderbildung fir international Competitiounen ze maachen. Dëst Joer war hien déi éischte Kéier zu Oochen ee vu 6 Riichter am Sprangen.

Bei der Lëtzebuerger Reitsportfederatioun haten d’lescht Joer 1.143 Persounen eng Lizenz, 833 Päerd ware registréiert. 2022 goufen am Grand-Duché 32 Reitsportturnéier organiséiert.

Back to Top
CIM LOGO