Mat grad mol 22 Joer spillt d’Carla Mulli um héchste Niveau an Holland. Mat hirem Club dem VV Utrecht steet si fréizäiteg an der Finall vum Championnat an hat am Dezember d’Supercoupe gewonnen. Op Ouschterméindeg hat Carla Mulli d’Chance op e weideren Titel net notze kënnen. Den Marc Burelbach hat sech fir eis an Holland deplacéiert. Dat éischt wat engem opgefall ass, wann een als Volleyballer zu s’Hertogenbosch an d’Sportshal erakomm ass, war de Ball. Net, wéi gewinnt an de giel/bloe Faarwen mee am Rout Wäiss Blo. Dës Faarwen haten der Lëtzebuerger Nationalspillerin Carla Mulli awer op dësem Dag kee Gléck bruecht.
Et louch sécher net um ronne Konschtlieder datt Utrecht, an de schwaarzen Trikoten, am éischte Saz nawell zolidd ënnert Rieder komm ass. A wuel och net dorun, datt d’ Carla Mulli, déi soss reegelméisseg an der Startopstellung fir Utrecht steet, dës Kéier net direkt vun hirem Coach op den Terrain geschéckt ginn ass.
Vill méi waren et déi jonk Dammen vun Sliedrecht, déi mat vill méi Wëllen a Bass an de Match gaange sinn.
D’Lëtzebuergerin huet laang misse vun der Bänk aus nokucken, wéi hir Ekipp dem Géigner seng Servicer net ënner Kontroll krut. Eréischt beim Score vun 7:16, an deemno 9 Punkte Réckstand, huet den Trainer dem Carla Mulli d’ Vertraue geschenkt.
Mat positiver Kierpersprooch a Kampfgeescht huet d’ Studentin probéiert, hier Ekipp nees op Orbit ze bréngen. Awer ëmmer nees war et d’ Spillerin mat der Nummer 12 Jolijn de Haan, wat d’Differenz zu Gonschte vu Sliedrecht gemaach huet, déi den éischte Saz däitlech mat 25-13 gewanne konnten.
Och den zweete Saz huet Utrecht ouni Carla Mulli ugefaangen, huet awer d’Strategie ugepasst an ëmmer nees Jolijn de Haan mat Servicer beschäftegt. Dës Taktik ass opgaangen an Utrecht konnt mat engem 25:21 ausgläichen.
Esou hätt et kënne weidergoen. Utrecht hat sech am drëtte Saz fréi dräi Punkten Avance erausgespillt. Dëse konnte d’Utrechter Spillerinne bis zum Score vun 20:18 nach verdeedegen, éier nees eng Kéier d’Jolijn de Haan opgetrompt huet an de Saz fir d’ Dammen an den hellen Trikote gedréint huet.
D’Supporter vun Utrecht hunn op eng Reaktioun vun hirem Coach gewaart, villäicht méi Wiessel an der Opstellung, eventuell och méi Spillpraxis fir d’Lëtzebuergerin - mee ëmsoss.
Och de véierte Saz huet sech eng am grousse Ganze méi bësseg an awer och méi konstant Ekipp vu Schliedrecht virun 2500 Spectateuren geséchert. Schliedrecht konnt esou hir Saison retten.
Fir d’ Carla Mulli war dës Coupefinall eng wichteg Erfarung am Kampf ëm de nächsten Titel, deen an e puer Wochen am Modus Best-of-Five wäert ausgedroe ginn. Utrecht steet 3 Spilldeeg virum Enn vun der Haaptronn scho sécher an der Finall vum Championnat, wou si et mat Friso Sneek wäerten ze di kréien.