Laura MillerLëtzebuergerin gewënnt Coupe de Belgique

Tim Hensgen
D’Coupefinall tëscht dem Standard vu Léck an dem KRC Genk ass viru 9.027 Spectateuren am Stade de Sclessin gespillt ginn.

Dat ass e Rekord fir en Dammematch an der Belsch. D’Laura Miller ass am Onze de Base vum Standard femina ugetrueden. D’Kapitänin vun der Lëtzebuerger Nationalekipp huet e gudde Match am zentrale Mëttelfeld gemaach a bei engem Wäitschoss aus ronn 25 Meter an der 79.Minutt d’Lat getraff.

An der Nospillzäit huet Kapitänin vun Léck Maud Coutereels en 11Meter verschoss. Decisioun an der Verlängerung fir de Standard. No engem Selbstgol vun der Genkerin Romy Camps an der 99. Minutt huet d’Zoe Van Eynde 2 Minutten drop den 2-0 marquéiert. Kuerz viru Schluss ass souguer nach den 3-0 gefall.

Domadder gewënnt Léck no 2018 erëm d’Coupe, dat fir déi 9. Kéier. Fir d’Laura Miller ass et deen éischten Titel bei de Profien. Eng Première am Lëtzebuerger Dammefuttball.

Back to Top
CIM LOGO