
Donieft ass Liverpool am FA Cup eng Ronn weider, wärend Leicester City iwwerraschend géint Nottingham Forest verléiert.
Borussia Dortmund - Bayer Leverkusen 2:5
0:1 Akanji (10’, Selbstgol), 1:1 Frimpong (16’, Selbstgol), 1:2 Wirtz (20’), 1:3 Andrich (28’), 1:4 Tah (53’), 1:5 Diaby (87’), 2:5 Tigges (90+1’)
Virun allem an den éischte 45 Minutten huet Leverkusen de Match dominéiert an dem BVB keng Chance gelooss. D’Ekipp vum Gerardo Seoane hat mat veronsécherten Dortmunder keng Problemer a konnt sech Chance no Chance erausspillen, soudass de BVB frou konnt sinn, dass et an der Hallschent just 1:3 stoung. Duerno sinn déi Schwaarz-Giel e bësse besser an de Match komm, virun allem an der Offensiv huet et awer u Kreativitéit an Tempo gefeelt. D’Gäscht hunn dunn d’Féierung souguer nach weider ausgebaut an de Match ass um Enn mat 2:5 op en Enn gaangen.
Wolfsburg - Greuter Fürth 4:1
1:0 Vranckx (7’), 1:1 Hrgota (44’, Eelefmeter), 2:1 Vranckx (49’), 3:1 Arnold (70’), 4:1 Philipp (75’)
Mat dëser Victoire géint den Tabelleleschten aus Fürth ka Wolfsburg den éischten aus de leschten 12 Matcher gewannen. D’Ekipp vum Florian Kohfeldt huet awer nach ëmmer just ee Virsprong vu just 2 Punkten op d’Relegatiounsplaz.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Bundesliga
Liverpool - Cardiff City 3:1
1:0 Jota (53’), 2:0 Minamino (68’), 3:0 Elliott (76’), 3:1 Colwill (80’)
Laang huet d’Ekipp vum Jürgen Klopp sech schwéier gedoen, Chancen erauszespillen, an der 53. Minutt huet de Jota awer de Filet fonnt. Déi individuell Qualitéit vun de “Reds” huet sech dunn um Enn duerchgesat, soudass si an der nächster Ronn vum englesche Pokal stinn.
Nottingham Forest - Leicester City 4:1
1:0 Zinckernagel (23’), 2:0 Johnson (24’), 3:0 Worrall (32'), 3:1 Iheanacho (40’), 4:1 Spence (61’)
LINK: Den Iwwerbléck vun der Premier League
FC Venedeg - Napoli 0:2
0:1 Osimhen (59’), 0:2 Petagna (90+10’)
Juventus - Hellas Verona 2:0
1:0 Vlahovic (13'), 2:0 Zakaria (61')
LINK: Den Iwwerbléck vun der Serie A
Nice - Clermont 0:1
0:1 Rashani (77’)
Lille - Paris Saint-Germain 1:5
0:1 Danilo (10'), 1:1 Botman (28'), 1:2 Kimpembe (32'), 1:3 Messi (38'), 1:4 Danilo (51'), 1:5 Mbappé (67')
Troyes - Metz 0:0
Liest de Resumé vum Match bei eis Kolleege vun RTL 5minutes.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Ligue 1
FC Barcelona - Atlético Madrid 4:2
0:1 Carrasco (8’), 1:1 Alba (10’), 2:1 Gavi (21’), 3:1 Araujo (43’), 4:1 Alves (49’), 4:2 Suarez (58’)
An engem intensive Match war den FC Barcelona laang déi besser Ekipp a konnt sech duerch een engagéierten Optrëtt eng verdéngte 4:1-Féierung erausspillen. Op Säite vun de Katalanen hunn och e puer nei Spiller matgewierkt, ënner anerem den Adama Traoré an den Aubameyang. Nom 4:1 duerch den Dani Alves ass d’Ekipp vum Diego Simeone awer besser ginn a Barcelona huet sech duerch eng rout Kaart fir den Alves selwer geschwächt. Um Enn konnten d’Spiller vum Xavi Hernandez d’Féierung awer iwwer d’Zäit retten an domat op déi 4. Tabelleplaz klammen.
Real Madrid - Granada 1:0
1:0 Asensio (74')