BundesligaLeverkusen gewënnt géint Gladbach, Union klappt Darmstadt

RTL Lëtzebuerg
Borussia Dortmund kënnt net iwwert een 1:1 zu Bochum eraus, iwwerdeems Freiburg eng Last-Minute-Victoire ka feieren.
© AFP

An der 1. däitscher Bundesliga war et um Samschdeg d’Suite vum 2. Spilldag. Hei konnt sech ënnert anerem Wolfsburg zu Köln, Hoffenheim zu Heidenheim an Union Berlin zu Darmstadt duerchsetzen. Iwwerdeems goufen et an England Victoirë fir Tottenham a Manchester United.

Am klenge Revier-Derby huet Bochum verdéngt 1:1 géint Dortmund gespillt. Bochum, déi eng gutt 1. Hallschent gespillt hunn, hu sech an der 13. Minutt mam Stöger sengem Gol mam 1:0 belount. Dortmund huet enttäuscht a louch deemno a Réckstand. De Malen huet wuel nach den 1:1 markéiert, zu méi sollt et awer net duergoen.

Laang huet et dono ausgesinn, dass Freiburg a Bremen géife mat engem 0:0 auserneegoen. An der 6. Minutt vun der Nospillzäit huet de Maximilian Philipp de Last-Minute-Gol fir den SC geschoss, sou dass Freiburg sech um Enn glécklech mat 1:0 ka géint Bremen duerchsetzen.

Köln spillt 1:2 géint Wolfsburg. Beim FC souz de Mathias Olesen op der Bänk, éier de Lëtzebuerger no 69 Minutte fir de Martel agewiesselt gouf. Wolfsburg hat an der Ufanksphas 2 gutt Chancen, de Wind huet am Schwäbe awer direkt zwee Mol säi Meeschter fonnt. Nom Säitewiessel huet den EX-Wolfsburger Waldschmidt d’Lokalekipp a Féierung geschoss, éier de staarke Wind de Match mat 2 Goler gedréint huet.

Vill lass war um Böllenfalltor zu Darmstadt. An Ënnerzuel ka sech Union Berlin duerch 2 Goler vum Gosens mat 4:1 auswäerts duerchsetzen an huet no 2. Spilldeeg 6 Punkten um Konto. An enger intensiver Partie, bei där et an der 1. Hallschent hin an hier gaangen ass, louch Union duerch e Gol séier a Féierung, éier Darmstadt an Iwwerzuel (Giel-Rout fir den Aaronson) an der 24. Minutt ausgläiche konnt. Mat weideren 2 Goler virun der Paus huet Union schonn an der 1. Hallschent de Grondstee fir d’Victoire geluecht.

Beim 1. Heemmatch vun Heidenheim huet de Beste den 1. Gol fir d’Lokalekipp an der Bundesliga geschoss. No enger tëschenzäitlecher 2:0 Féierung, steet um Enn um Spillbou awer ee ganz batteren 2:3 aus der Siicht vun der Lokalekipp. Bannent 13 Minutten huet Hoffenheim duerch Goler vum Beier, Kaderabek a Kramaric de Match an der Schlussphas konnten dréinen.

An der Owespartie um 18.30 Auer huet Leverkusen Gladbach iwwer 90 Minutte keng Chance gelooss a gewënnt däitlech mat 3:0 am Borussia Park. D’Ekipp vum Xabi Alonso war de ganze Match iwwer déi méi aktiv Ekipp, an huet eng beandrockend an ofgekläerte Leeschtung gewisen. Zwee Goler vum Boniface an e Gol vum Tah hunn dofir gesuergt, dass Leverkusen 3:0 gewënnt a mat 6 Punkten ongeschloe bleift.

D’Statistike vun de Matcher

Klickt hei, fir op d’Säit mat all de Resultater ze kommen.

D’Klickt op de Match, fir d’Statistiken ze gesinn.

D’Tabell vun der Bundesliga

Back to Top
CIM LOGO