Internationale FuttballLeverkusen léisst Frankfurt keng Chance, Defaite fir Leipzig

RTL Lëtzebuerg
Fir Leverkusen a Leipzig goung et um 32. Spilldag vun der däitscher Bundesliga ëm wichteg Punkte fir d'Champions-League-Qualifikatioun.
© FIRO/SID/

Bayer 04 Leverkusen - Eintracht Frankfurt 2:0
1:0 Paulinho (18'), 2:0 Schick (51')

Et huet eng Zäitche gedauert, bis d’Partie tëscht Leverkusen a Frankfurt un Tempo gewonnen hat. No 18 Minutten hat d’Lokalekipp an der BayArena eng éischte Kéier d’Lieder an d’Netz geschoss. Laang Zäit koum offensiv net vill vun de Gäscht, bis de Jens Hauge kuerz virum Téi versicht huet auszegläichen. An der 51. Minutt hat Bayer d’Féierung mat engem Treffer vum Schick op 2:0 ausgebaut. Bei dësem Schlussresultat sollt et dunn och bleiwen.

Borussia Mönchengladbach - RB Leipzig 3:1
1:0 Embolo (17'), 1:1 Nkunku (36'), 2:1 Hofmann(45'), 3:1 Hofmann (77')

Mat enger verdéngter 2:1-Féierung goung et no intensive 45 Minutte fir Gladbach an d’Paus. Si ware vun Ufank un déi méi dominant Ekipp. An der 77. Minutt huet den Hofmann eng zweete Kéier fir Borussia Mönchengladbach getraff a sech sou d’Victoire geséchert. Zum Schluss hu sech béid Ekippe mat engem 3:1 vum Terrain getrennt.

Back to Top
CIM LOGO