
De Robert Lewandowski ka säin Titel als Europäesche Futtballer vum Joer net verdeedegen. Trotz sengen 41 Goler an der Bundesliga feelt de Pol an der “UEFA Shortlist”, genau sou wéi de Lionel Messi an de Cristiano Ronaldo.
D’Top 3 vun der UEFA sinn den N’golo Kante an de Jorginho, déi mat Chelsea London d’Champions League gewonnen hunn. Beim Jorginho kënnt nach den Europameeschterschaftstitel mat Italien dobäi. Als Drëtten ass dann nach de Kevin De Bruyne vum englesche Champion Manchester City nominéiert.
Bei den Trainere gouf den italieneschen Europameeschter Roberto Mancini, den Champions-League-Gewënner Thomas Tuchel an den englesche Champion Pep Guardiola nominéiert.
D’Jennifer Hermoso, Lieke Martens an d’Alexia Putellas vum FC Barcelona goufen als Top 3 bei den Damme selektionéiert. Als europäeschen Dammentrainer vum Joer stinn de Lluis Cortes vu Barcelona, de schwedeschen Nationaltrainer Peter Gehardsson an d’Emma Hayes vum englesche Meeschter Chelsea London zur Auswiel.
D’Gewënner ginn am Kader vun der Auslousung fir d’UEFA Champions-League-Gruppephas de 26. August zu Istanbul geéiert.