
Am Bouschéisse war de Jeff Henckels no der Ranking Round um Sonndeg nees am Asaz.
An den 1/32-Finalle ass hien op den Ungar Matyas Laszlo Balogh getraff. Leider sollt de Lëtzebuerger mat 3:7 hei de Kierzeren zéien, woumat hien eliminéiert war.
D’Anna Zens koum am Fechten no enger staarker Leeschtung op déi 20. Plaz. Déi 20 Joer al Deegespezialistin huet et fäerdegbruecht, ënnert anerem géint d’Nummer 6 op der Welt, d’Anna Kun aus Ungarn ze gewannen.
D’Anna Kun war bei de European Games och op 1 gesat. An der Gruppephase huet d’Anna Zens et fäerdegbruecht, 5 vun hire 6 Matcher ze gewannen, an eben och 5:4 géint d’Ungarin. Als Gruppenéischt ass déi 20 Joer al Fechterin, déi eng däitsch Mamm an e Lëtzebuerger Papp huet, deen och President vun der Federatioun ass, an den Tableau vun de leschte 64 komm an do gouf et eng kloer Victoire géint eng Géignerin aus Armenien. An der 16.tels-Finall huet sech d’Sportlerin vun der Escrime Sud dunn awer 6:15 géint Greta Veres aus Rumänien misse geschloe ginn. D’Anna Zens straalt fir hiren jonken Alter schonn eng immens Rou aus. Fir d’Fechterin vun der Escrime Sud war et déi éischt Participatioun bei esou engem grousse Multisportevenement bei de Senioren. D’Anna Zens koum um Enn op déi 20. Plaz. Mat hiren 20 Joer huet se op de European Games op jiddwerfalls festgestallt, datt se richteg gutt am Seniorsberäich ukomm ass.
Am Badminton gouf et déi erfreelech Nouvelle, dass d’Kim Schmidt sech am éischte Match vum Grupp B bei den Dammen am Single géint d’Slovenin Petra Polanc duerchsetze konnt.
D’Lëtzebuergerin huet sech no dem verpassten éischten Saz, dee si mat 11:21 verluer hat, net beandrocke gelooss a konnt direkt am zweete Saz mat 21:6 äntweren.
Am drëtten an leschte Saz huet si dunn d’Nerve behalen a konnt mat 21:18 gewannen. Domat huet d’Kim Schmidt sech mat 2:1 am éischte Match duerchgesat.
En Dënschdegowend kritt si et dann am zweete Match mat der Éisträicherin Katrin Neudolt ze dinn.
Bei den Hären ass et am éischte Match manner gutt gelaf fir de Jerome Pauquet. Hie misst sech am éischte Saz mat 8:21 geschloe ginn. Den zweete Saz sollt och net vill besser lafe fir de Lëtzebuerger, deen hie mat 14:21 verluer huet. Doduerch verléiert de Jerome Pauquet am éischte Match mat 0:2 géint de Misha Zilberman aus Israel.
Och hie spillt seng zweet Partie en Dënschdegowend, da géint den Norweger Markus Barth.