Si hu sech eng Virbildfunktioun, wat d’Organisatioun vun internationale Meetingen zu Lëtzebuerg betrëfft, opgebaut.
Wann ee mengt, den Héichpunkt wier erreecht, da klëmmt d’Ekipp ronderëm de Pierre Hensgen erëm eng Kéier e Krack méi héich. Déi 10 Meetingsrekorder illustréieren dat am beschten. Virop mam 100 Meter, wou den Jamaikaner Thompson, mat engem Chrono vun 9 Sekonnen an 99 Honnertstel, iwwert d'100-Meter ënnert der magescher Grenz vun 10 Sekonne leeft. D'800-Meter-Course vun den Dammen hätt kënne mat enger Finall vun der Europameeschterschaft konkurréieren. Net manner wéi 5 Athletinnen hunn eng Beschtzäit ënnert den 2 Minutten.
D’Charline Mathias ass um Wee zur Beschtform no enger laanger Verletzungspaus a gouf Zweet an der C-Final. Et kéint een esou viru fuere mat der Opzielung vun aussergewéinleche Performancen a Meetingsrekorder, wéi am Hürdelaf oder mat der Neiséilännerin mat 4 Meter 85 cm, déi zweetbescht Joresperformance weltwäit. Aus Lëtzebuerger Siicht war mam Bob Bertemes nëmmen een Athlet am Asaz, deen internationale Spëtzenniveau huet. Déi aner sinn um Wee op d’Universiade a China, de Charel Grethen nach am Stage fir d’Preparatioun vun der Weltmeeschterschaft an 3 Wochen. De Bob huet no senger Verletzung, mat engem Stouss vun 21 Meter a 3 Zentimeter, Vertraue fir d’Weltmeeschterschaft an dräi Woche getankt.
De Bielesser gewënnt de Concours, virum Hassan an dem Ukrainer Kokoshko, dem Bronze Medaile Gewënner vun der
Indoorseuropameescherschaft.