L'ÉquipeLionel Messi a PSG si sech eens

RTL Lëtzebuerg
D'Supporter vum Paris Saint Germain waarde gespaant op d'Annonce vum Transfert vum Messi bei de PSG.
© AFP

D’Annonce vum Transfert ass just nach eng Fro vun der Zäit, no der franséischer “L’Équipe” soll de Messi en Dënschdeg um fréien Nomëtteg zu Paräis landen. Hie soll am Laf vum Dag de Medizincheck absolvéieren an e Kontrakt vun zwee Joer ënnerschreiwen. Um Mëttwoch soll dann déi offiziell Presentatioun am Parc des Princes sinn.

De Jorge Messi, de Papp an Agent vum sechsfache Weltfussballer, huet um Fluchhafen zu Barcelona confirméiert, datt säi Jong de Kontrakt beim PSG en Dënschdeg nach ënnerschreift.

Den Gianluigi Donnarumma, deen nieft dem Achraf Hakimi, dem Georginio Wijnaldum an dem Sergio Ramos dëse Summer och schonn op de PSG gewiesselt ass, huet e Méindeg am Interview mat “Sky Sport” och scho gesot: “De Messi ass dee Beschten. Mat him ze spillen wäert opreegend ginn.”

Dausende Fans hate sech e Méindeg scho virum Parc des Princes a virum Fluchhafen zu Paräis versammelt, wou si op d’Ukomme vum Argentinier waarden.

De Lionel Messi hat jo um Sonndeg annoncéiert, datt hien an der neier Saison net méi beim FC Barcelona spille wäert, och wann hien dat, anescht wéi am leschte Summer, eigentlech gewollt hätt.

De PSG ass aus finanziellen a sportleche Grënn bal den eenzege Club, dee fir de Messi a Fro kënnt. Nom italieneschen Transfert-Expert Fabrizio Romano kritt den Argentinier beim PSG e Kontrakt iwwer zwee Joer mat engem zousätzlechen, optionale Joer, duerch deen hie 35 Milliounen Euro pro Saison verdéngt.

Back to Top
CIM LOGO