
Dausende Fans hate sech virum Parc des Princes a virum Fluchhafen zu Paräis versammelt, wou si op d’Arrivée vum Argentinier gewaart hunn. E Sonndeg hat den Argentinier jo annoncéiert, net méi beim FC Barcelona ze spillen.
De PSG ass aus finanziellen a sportleche Grënn bal den eenzege Club, dee fir de Messi a Fro koum. Nom italieneschen Transfert-Expert Fabrizio Romano kritt hie beim PSG e Kontrakt iwwer zwee Joer mat engem zousätzlechen, optionale Joer, duerch deen hie 35 Milliounen Euro pro Saison verdéngt.
Bis 2023 wäert de 34 Joer ale Futtballstar mat der Trikot-Nummer 30 un der Säit vum Neymar a Mbappé spillen. Weider grouss Nimm, déi dëse Summer bei de PSG gewiesselt sinn, sinn de Sergio Ramos (Real Madrid), Georginio Wijnaldum (FC Liverpool), Gianluigi Donnarumma (AC Mailand) an Achraf Hakimi (Inter Mailand).
