RTL SPORT LIVE ARENALive & am Replay: déi grouss Kollektiv-Sportaarten

RTL Lëtzebuerg
D'RTL Sport Live Arena ass déi nei digital Plattform, déi zesumme mat de Federatioune vun de véier grousse Kollektiv-Sportaarte lancéiert gouf.
Live & am Replay: déi grouss Kollektiv-Sportaarten
D’RTL Sport Live Arena ass déi nei digital Plattform, déi zesumme mat de Federatioune vun de véier grousse Kollektiv-Sportaarte lancéiert gouf.

Kuckt d’Matcher vun der BGL Ligue, Total League, Axa League an der éischter Divisioun vum Volleyball, live an am Replay op rtlsport.lu, der RTL App an op PostTV (Kanal 93).

RTL Sport Live Arena - Interview Pascal Casel

Vun dësem Weekend u presentéiert RTL een neie Produit fir d’Sport-Supporter: D’RTL Sport Live Arena. Hei kritt een d’Matcher live bei sech an d’Haus geliwwert, respektiv op den Handy oder Tablett.

Dat ass eppes, wat et bis elo bei eis am Land nach net gouf. Responsabel fir de Projet bei RTL ass de Pascal Casel. Hien ass sech bewosst, dass grad an dësen Zäiten déi Live Arena een immense Surplus ass fir d’Sportbegeeschterten.

All Mënsch huet et elo matkritt. Mir liewen an enger komescher Situatioun. Et däerfe keng Leit an ee Futtballstadion, et däerfe keng Leit an eng Hal. Et ass effektiv elo Nout um Mann, dass mir domadder starten an dat wäert och elo eng super Saach sinn. Ech sinn iwwerzeegt, dass dobaussen de Grand Public dat mat Begeeschterung entgéinthëlt.

Fir dass déi Matcher kënne live gewise ginn, ass natierlech eng clever Technik néideg.

Mir hunn elo d’Méiglechkeet iwwer nei Kameraen, déi ekipéiert si mat enger kënschtlecher Intelligenz. Déi hänken och op den Terrainen am Futtball an och an den Halen. Do hu mir d’Méiglechkeet, iwwer déi nei Technologie, live d’Matcher de Leit heem an d’Stuff ze bréngen, respektiv op den Handy oder PC.

An enger éischter Phas goufe Kontrakter mat véier grousse Federatiounen ënnerschriwwen.

Mir hunn een Accord mat der Futtballfederatioun, mat der Handballfederatioun, dem Basket an och dem Volleyball. Dat sinn elo déi Sportaarten, wou mir elo déi iewescht Divisioun weisen. Bei den Halesportaarte sinn et d’Dammen an och d’Hären.

Um Samschdeg kann een net manner wéi 14 Matcher aus de genannte Sportaarten an der RTL Sport Live Arena suivéieren, um Sonndeg sinn et der 5.

RTL Sport Live Arena
D’RTL Sport Live Arena ass déi nei digital Plattform, déi zesumme mat de Federatiounen vun de véier grousse Kollektiv-Sportaarte lancéiert gouf.

Back to Top
CIM LOGO