
Mainz 05 - Eintracht Frankrurt 1:1
1:0 Lee (25'), 1:1 Marmoush (90+1')
Mainz mam Leandro Barreiro huet eng aggressiv 1. Hallschent gespillt, an esou Frankfurt scho frei am Spillopbau gestéiert. Deemno ass d’SGE kaum zu geféierlechen Aktioune komm, iwwerdeems Mainz an der 25. Minutt duerch e Kappball vum Lee net ganz onverdéngt mat 1:0 a Féierung gaangen ass. Och de Barreiro hat eng Chance, säi Schoss aus ronn 20 Meter sollt den Trapp awer ouni Problemer halen. An der zweeter Hallschent huet Frankfurt den Drock erhéicht, huet awer ab der 61. Minutt mat engem Mann manner misse spillen. De Knauff krut déi Giel-Rout-Kaart gewisen. Trotz Ënnerzuel ass der SGE an der Nospillzäit den Ausgläich gelongen, sou dass de Rhein-Main-Derby 1:1 op e Enn geet. Mainz bleift deemno nach ouni Victoire an der Saison.
Bayern München - FC Augsburg 3:1
1:0 Uduokhai (Selbstgol, 32'), 2:0 Kane (Elefmeter, 40'), 3:0 Kane (69'), 3:1 Beljo (86')
Ouni groussaarteg ze iwwerzeege gewënnt Bayern München duerch e Doppelpack vum Harry Kane mat 3:1 géint Augsburg, a steet elo op der 2. Plaz an der Tabell, punktgläich mat Union Berlin.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Bundesliga
FC Burnley - Aston Villa 1:3
0:1 Cash (8'), 0:2 Cash (20'), 1:2 Foster (47'), 1:3 Diaby (61')
Sheffield United - Manchester City 1:2
0:1 Haaland (63'), 1:1 Bogle (85'), 1:2 Rodri (88')
City war wuel de kloren Favorit, huet sech awer virun allem an der 1. Hallschent schwéier gedoen sech richteg gutt Chancen eraus ze spillen. Déi beschten hat den Haaland, säin Eelefmeter sollt de Wee awer just un de Potto fannen. AN der 63. Minutt huet den Norweger et dunn besser gemaach, a City mat 1:0 a Féierung geschoss. An der Schlussphase ass et dunn nach emol hektesch ginn. No enger onglécklecher Situatioun vum Walker ass Sheffield duerch de Bogle zum Ausgläich komm, éier de Rodri 3 Minutte méi spéit City dach nach zu der Victoire sollt schäissen.
Sheffield bleift no 3 Matcher weider bei 0 Punkten, iwwerdeems den aktuelle Meeschter weider ongeschloe bleift.
Newcastle United - FC Liverpool 1:2
1:0 Gordon (25'), 1:1 Nunez (81'), 1:2 Nunez (90+3')
Trotz Réckstand, an a Ënnerzuel, huet d’Ekipp vum Jürgen Klopp de Match zu Newcastle fir sech entscheet a huet no 3. Spilldeeg 7 Punkten um Konto. Dobäi hätt de Match awer och aneschters kéinten verlafen, wann Newcastle eng vun hiren sëllegen Chancen an der zweeter Hallschent fir d’Virentscheedung genotzt hätt. An esou war et de agewiesselten Nunez deen fir Liverpool zum Matchwinner ginn ass.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Premier League
AC Florenz - US Leece 2:2
1:0 Gonzalez (3'), 2:0 Duncan (25'), 2:1 Rafia (49'), 2:2 Krstovic (76')
Juventus Turin - FC Bologna 1:1
0:1 Ferguson (24', 1:1 Vlahovic (80')
Juventus Turin spillt um Sonndeg den Owend just 1:1 géint Bologna, an huet deemno keen optimalen Optakt an déi nei Saison erweecht. Virun allem an der 1. Hallschent huet Juve sech d’Zänn un de Gäscht ausgebass, déi eng immens disziplinéiert Leeschtung no der Féierung gewisen hunn. AN der Schlussphase konnt de Vlahovic der aler Damm nach e Punkt sécheren.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Serie A
Clermint Foot - FC Metz 0:1
0:1 Mikautadze (69')
Metz feiert nom Opstig hier 1. Victoire an der Ligue 1, a steet elo mat 4 Punkten am Mëttelfeld vun der Tabell. De Gol vum Dag huet de Mikautadze an der 69. Minutt markéiert.
FC Lorient - OSC Lille 4:1
1:0 Abergel (9'), 2:0 Ponceau (10'), 2:1 David (55'), 3:1 Faivre (62'), 4:1 Le Goff (67')
LINK: Den Iwwerbléck vun der Ligue 1
FC Villarreal - FC Barcelona 3:4
0:1 Gavi (12'9, 0:2 de Jong (15'), 1:2 Foyth (26'), 2:2 Sorloth (40'), 3:2 Baena (50'), 3:3 Torres (68'), 3:4 Lewandowski (71')
Wat e Spektakel zu Villarel. Obwuel Barcelona no enger Véierelsstonn mat 2:0 a Féierung louch, hu si hiren Avantage liichtfäerteg verspillt, a louchen deemno no 50 Minutte mat 2:3 a Réckstand. Virun allem an der Defense huet Barcelona net gutt ausgesinn, an huet sech méi wei eng Kéier ze liicht ausspille gelooss. Nom Ausgläich vum Torres an der 68. Minutt war Barcelona nees am Match, an nëmmen 3 Minutte méi spéit konnt de Lewandwoski fir d’Entscheedung suergen.