
An der Bundelsiga stoungen um Sonnden zwee Dueller am Tabellekeller um Programm.
Bochum - Augsburg 0:2
0:1 Hahn (15'), 0:2 Gregoritsch (43', Eelefmeter)
Augsburg huet sech zu Bochum dräi wichteg Punkten an der Lutte ëm de Maintien an der 1. Bundesliga geséchert. Dobäi ass der Ekipp vum Markus Weinzierl eng effizient éischt Hallschent duergaangen fir als Gewënner vum Terrain ze goen. Den Hahn an der Gregoritsch per Eelefmeter hunn déi zwee Goler fir d’Gäscht markéiert.
Hertha BSC - VFB Stuttgart 2:0
1:0 Selke (4'), 2:0 Belfodil (90+3')
Och an der 2. Partie stoung den Ofstig am Mëttelpunkt. Um Enn ka sech d’Hertha mat 2:0 géint Stuttgart behaapten an huet elo 4 Punkte Virsprong op d’Relegatiounsplaz. D’Heemekipp ass direkt gutt an de Match gestart an de Selke huet seng Ekipp a Féierung bruecht. D’Gäscht hu probéiert dogéint ze halen, waren offensiv awer ze harmlos. Och nom Säitewiessel huet Stuttgart alles probéiert. D’Hertha war awer ze clever an de Belfodil huet d’Partie mat sengem Gol an der Nospillzäit entscheet.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Bundesliga
Chelsea - West Ham 1:0
1:0 Pulisic (90')
D’Chelsea huet sech no enger turbulenter Schlussphas knapp géint West Ham behaapt. Nodeems den Dawson vu West Ham an der 86. Minutt déi rout Kaart gewise krut, huet de Jorginho kuerz drop en Eelefmeter verschoss. D’Heemekipp huet awer weidergemaach an huet duerch e spéide Gol vum Pulisic dach nach e Succès gefeiert. An der Tabell bleiwen d’Blues op der 3. Plaz, fir d’Gäscht bedeit d’Néierlag e Réckschlag am Kampf ëm d’Europa-League-Plazen.
Liverpool - Everton 2:0
1:0 Robertson (62'), 2:0 Origi (85')
Am Merseyside-Derby huet sech de Favorit um Enn verdéngt duerchgesat. Everton huet de ganze Match probéiert defensiv stabil ze stoen a wéinig zouzeloossen. Phaseweis ass de Gäscht dat och gegléckt. Liverpool huet an der 2. Hallschent awer méi konsequent no vir gespillt an huet d’Partie mat 2:0 fir sech entscheet. D’Ekipp vum Jürgen Klopp huet an der Tabell weiderhin ee Punkt Retard op Manchester City.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Premier League
Empoli - Neapel 3:2
0:1 Mertens (44'), 0:2 Insigne (53'), 1:2 Hernderson (80'), 2:2 Pinamonti (83'), 3:2 Pinamonti (88')
Zu Empoli ass der Heemekipp d’Konschtstéck gelongen, fir an de leschten 10 Minutten aus engem 0:2-Réckstand eng 3:2-Victoire ze maachen. Napoli war verdéngt duerch de Mertens an den Insigne a Féierung gaangen. An der Suite hunn d’Gäscht awer d’Konzentratioun verluer an de Match nach aus der Hand ginn. Napoli huet et verpasst, méi no un de Mailänner Spëtzenduo erunzeréckelen.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Serie A
FC Metz - Stade Brest 0:1
0:1 Belaili (27')
Zu Metz gesäit et am Tabellekeller ëmmer méi schlecht aus. No der 0:1-Defaite géint Brest huet een 9 Punkte Retard op eng Net-Ofstigsplaz béi nach 4 Matcher, déi ze spille sinn. De Belaili hat d’Gäscht no enger knapper hallwer Stonn a Féierung bruecht. Metz hat dono näischt méi dogéint ze setzen. An der Schlussphas sinn och nach de Jemerson an den Oukidja mat roude Kaarte vum Terrain geflunn.