
An den europäesche Championnater gouf um Samschdeg och gespillt. Ënner anerem waren de PSG a Liverpool hei am Asaz.
Den Detail vum 22. Spilldag an der Bundesliga.
Norwich City - Liverpool 01
An England koum et zu Norwich zum Duell vum Tabelleleschte géint den Tabellenéischten aus Liverpool. D’Gäscht sinn also als ganz klore Favorit an dës Partie gaange, virun allem well si bis ewell eréischt zwee Punkten an dëser Saison leie gelooss hunn. Et hat allerdéngs bis zur 78. Minutt gedauert, éiert de Mané d’"Reds” erléise konnt a soumat fir déi 25. Victoire am 26. Match am Championnat suerge konnt.
Amiens - PSG 4:4
1:0 Guirassy (5'), 2:0 Kakuta (29'), 3:0 Diabate (40'), 3:1 Herrera (45'), 3:2 Kouassi (60'), 3:3 Kouassi (65'), 3:4 Icardi (74'), 4:4 Guirassy (90+1')
An der franséischer Ligue 1 hat de PSG als kloren Tabelleleader eng um Pabeier relativ einfach Aufgab zu Amiens beim Tabellen-Zweetleschten. Ma et sollt awer ganz anescht ugoen ewéi geduecht. No nëmme 5 Minutte war et de Guirassy, deen déi Paräisser kal erwëcht hat. Trotz dem klore plus u Ballbesëtz vu Paräis hat Amiens ëmmer erëm Geleeënheeten, esou wéi och an der 29. Minutt, wou de Kakuta op 2:0 erhéije konnt.
Spéitstens wéi den Diabate an der 40. op 3:0 gestallt hat, huet villes op eng fauschtdéck Iwwerraschung higedeit.
D’Männer vum Trainer Thomas Tuchel konnte virun der Paus awer nach verkierzen, dëst duerch den Herrera an der 45. Minutt.
Nom Säitewiessel hat et bis zur 60. Minutt, éier de Kouassi den Uschloss markéiere konnt. Nëmme 5 Minutte méi spéit war et dësem Kouassi dann och gelongen, den Ausgläich ze markéieren. Dem Icardi war et an der 74. Minutt dann esou guer nach gelongen, de Match ze dréinen, ma an der Nospillzäit war et op en neits den Guirassy, dee fir de Schlusspunkt suerge konnt.
Nantes - Metz 0:0
De Resumé vum Match fannt Dir bei eise Kolleege vum 5Minutes.
Barcelona - Getafe 2:1
1:0 Griezmann (33'), 2:0 Roberto (39'), 2:1 Angel (66')
Mat enger Victoire wollt Barcelona op Real Madrid punkteméisseg opschléissen. Dëst sollt de Katalanen um Enn och geléngen.
No enger Pass vum Messi war et den Antoine Griezmann, deen no gutt enger hallwer Stonn fir d’Féierung suerge konnt. Nëmme 6 Minutte méi spéit war et de Roberto, deen op 2:0 erhéije konnt a Barcelona esou relativ komfortabel an Paus goe gelooss hat.
Nom Säitewiessel sollt et allerdéngs nach eng Kéier spannend ginn, dëst well den Angel de Ball no enger Flank mat engem spektakuläre Schoss am Filet ënnerbrénge konnt.
Um Enn war et awer bei der Victoire fir den FC Barcelona bliwwen, déi soumat wichteg Punkten a Duell ëm de spuenesch Championnat afuere konnten.