BundesligaGladbach klappt Düsseldorf, Leipzig iwwerhëlt Tabellespëtzt

RTL Lëtzebuerg
Leipzig huet Bremen mat 3:0 geklappt, Paderborn verléiert mam Laurent Jans 1:2 géint d'Hertha vu Berlin.

No der däitlecher 4:0-Victoire vun Dortmund um Freideg géint Frankfurt waren um Samschdeg ënnert anerem Leipzig a Paderborn mam Laurent Jans gefuerdert.

Den Detail vun den aneren europäesche Championnater.

Bundesliga: 22. Spilldag

Düsseldorf - Gladbach 1:4

No de Victoire vun Dortmund a Leipzig war Gladbach gewëllt, duerch eng Victoire weider mat uewen dobäi ze bleiwen. Mat Düsseldorf hate si allerdéngs ee ganz ongemittleche Géigner, dee mat Gladbach mathale wollt. An der 22. Minutt war et dann awer den Hofmann, deen de Ball no enger Pass vum Thuram an de Strofraum verwäerte konnt, an de Ball an de laangen Eck gesat hat.

Nëmme 7 Minutte méi spéit war d’Freed op Säite vun de “Fohlen” allerdéngs erëm eriwwer, dëst well den Thommy den duerchaus verdéngten Ausgläich markéiere konnt.

Gladbach war doropshi beméit, de Match op hir Säit ze zéien, ma Düsseldorf huet dogéint gehalen a sech an de Match era gekämpft.
No enger gudder Kombinatioun stoung an der 51. Minutt allerdéngs den Thuram fräi virum Gol. De Stiermer hat de Ball bei säi Matspiller Lars Stindl gespillt, dee keng Méi méi hat, fir de Ball iwwer d’Linn ze drécken. Duerno konnt Gladbach befreit opspillen a sou war et an der 77. Minutt op en Neits de Stindl, dee fir d’Entscheedung suerge konnt. De Schlusspunkt war da fir den Neuhaus, dee mat sengem Gol fir d'4:1-Victoire fir Gladbach suerge konnt.

Leipzig - Bremen 3:0
1:0 Klostermann (18'), 2:0 Schick (39'), 3:0 Mukiele (46')

Leipzig wollt mat enger Victoire bis ee Sonndeg laascht Bayern an der Tabell zéien, a mat deem Elan sinn d’Haushären och an de Match gaangen. No nëmmen 18 Minutte konnt de Lukas Klostermann de Ball no engem Standard aus dräi Meter iwwert d’Linn drécken.

Een denkbar ongënschtege Start fir Bremen, déi déif am Tabellekeller ëm de Maintien kämpfen. D’Ekipp vum Florian Kohfeld war wuel beméit, ma et waren d’Männer vu Leipzig, déi feiere konnten. An der 39. Minutt war et op en Neits ee Standard, deen de Schick um Enn mam Kapp iwwert d’Linn drécke konnt. De Pavlenka konnt de Ball no dësem feste Kappball net paréieren.

Nom Säitewiessel koum Leipzig mat Vollgas aus der Kabinn, a sou war et an der 46. Minutt de Mukiele, dee mam 3:0 fir d’Virentscheedung suerge konnt.

Duerno huet Leipzig net méi gemaach, ewéi se missten an hunn d’Féierung esou iwwert d’Zäit bruechtt. Fir Bremen gesäit et weiderhin net gutt aus, si bleiwen op der zweetleschter Tabelleplaz.

Paderborn - Hertha 1:2
0:1 Boyata (10'), 1:1 Jarstein, Selbstgol (51'), 1:2 Cunha (67')

Nom Ofgang vum Jürgen Klinsmann op der Bänk vun der Berliner Hertha war et den Alexander Nouri, deen de Veräin aus der däitscher Haaptstad géint Paderborn kuerzfristeg trainéieren duerft. Bei der Lokalformatioun stoung de Laurent Jans op en Neits an der éischter Eelef.

Ma et sollt fir de Veräin vum Kapitän vun de roude Léiwen awer net gutt ugoen. An der 10. Spillminutt war et de Boyata, deen d’Hertha mat 1:0 a Féierung brénge konnt.

Kuerz duerno an der 18. Spillminutt stoung d’Bibiana Steinhaus als Arbittesch am Mëttelpunkt. De Cunha konnt de Ball iwwert d’Linn drécken, ma nom Videobeweis hat d’Steinhaus op ee Feeler an der Entstehung vum Gol entscheet. Et blouf also weiderhi beim 1:0 fir d’Berliner.

Paderborn war beméit, ma richteg geféierlech konnt si awer net ginn. Et hat bis déi 51. Minutt gedauert, éiert den agewiesselte Srbeny et aus engem ganz spatze Wénkel probéiert hat. De Jarstein am Gol vu Berlin hat hei net gutt ausgesinn an hat de Ball an den eegene Gol deviéiert.

Trotz de Beméiunge vum Tabelleleschte sollt et um Enn näischt mat engem Punkt ginn. An der 67. Minutt konnt de Cunha de Ball mat der Hack aus kuerzer Distanz an de Filet setzen an d’Hertha esou 3 Punkte mat heem huelen.

Union Berlin - Leverkusen 2:3
1:0 Gentner (7'), 1:1 Havertz (22'), 1:2 Diaby (83'), 2:2 Bülter (87'), 2:3 Demirbay (90+4')

No enger ganz staarker Ufanksphas vun den “Eisernen” aus Berlin war et de Gentner, dee seng Faarwen an der 7. Minutt a Féierung brénge konnt, dëst duerch ee kadréierte Schoss an de Filet.

Leverkusen war wuel beméit, d’Spill an hir Richtung ze zéien, ma si haten awer hir Schwieregkeete mat de motivéierte Berliner. An der 22. Spillminutt war et dann de Kai Havertz, dee bëssen iwwerraschend op 1:1 ausgläiche konnt.
De Favorit aus Leverkusen huet sech duerno schwéier gedoen, ma an der 79. Minutt war et de jonken Diaby, deen d’Gäscht a Féierung brénge konnt. D’Freet war allerdéngs net vu laanger Dauer. An der 87. Minutt konnt de Bülter op 2:2 ausgläichen, ma an enger geckeger Schlussphas war et an der Nospillzäit den Demirbay, dee mam 3:2 fir de Schlusspunkt gesuergt hat.

Hoffenheim - Wolfsburg 2:3
0:1 Weghorst (18'), 1:1 Baumgartner (45'), 1:2 Weghorst (52'), 2:2 Kramaric (60'). 2:3 Weghorst (71')

Net manner ewéi 3 Eelefmeter gouf et zu Sinsheim, woubäi esou wuel de Weghorst (2 mol) ewéi och de Kramaric d’Nerve vum Punkt behalen haten. Um Enn war et och den Hollänner vu Wolfsburg, deen de Match duerch seng 3 Goler entscheede konnt.

Augsburg - Freiburg 1:1
1:0 Max (38'), 1:1 Haberer (51')

Back to Top
CIM LOGO