
D’Kinneksklass war fir d’Reds just dann nach rechneresch méiglech, wann eng 7. Victoire hannerenee géint déi 19.Placéiert Leicester géif eraussprangen.
Leicester-Liverpool 0:3
0:1 C. Jones (33'), 0:2 C. Jones (36'), 0:3 Alexander-Arnold (71')
D’Foxes hunn ugangs fréi gestéiert, mee séier huet Liverpool an d’Spill fonnt mat Géigepressing. D’Reds hunn dominéiert an de Salah huet den Jones zweemol virun der Paus zerwéiert. D’Invitéen haten d’Kontroll am King Power Stadium iwwerholl.
Liverpool och souverän an den zweete 45 Minutten, spillt weider no vir a gëtt mam Gol vum Alexander-Arnold belount, nees no Viraarbecht Salah. Schlussresultat 0:3. D’Reds bleiwen drun.