
Am internationale Futtball gouf et am engleschen FA Cup eng Néierlag fir den FC Liverpool, an der Bundesliga hu sech Schalke a Köln d’Punkte gedeelt an an Italien huet Juventus géint Monza de Kierzere gezunn.
Brighton - Liverpool 2:1
0:1 Elliott (30'), 1:1 Dunk (39'), 2:1 Mitoma (90+2')
Den Titelverdeedeger Liverpool ass no enger 1:2-Néierlag géint Brighton aus dem engleschen FA Cup. Den Elliott konnt d’Reds no 30 Minutten a Féierung bréngen, ma eng engagéiert Lokalekipp konnt kuerz virun der Paus nach den Ausgläich erzwéngen. Duerch e Last-Minute-Gol vum Mitoma an der zweeter Minutt vun der Nospillzäit wënnt Brighton um Enn de Match a steet domat an den 1/8-Finallen.
Schalke - Köln 0:0
D’Schlussliicht an der däitscher Bundesliga huet sech ee Punkt géint den 1.FC Köln geséchert. De Mathias Olesen, deen op Schalke vun Ufank un am offensive Mëttelfeld am Asaz war, huet sech an enger ëmkämpfter Partie rëmfonnt, an där déi richteg gutt Golchancen op béide Säite gefeelt hunn. Och wa Schalke liicht méi Chancen op eng Féierung hat konnt den decisive Gol bis zum Schluss op béide Säite falen. Um Enn deele sech béid Ekippen awer mat engem 0:0 d’Punkten.
Leverkusen - Dortmund 0:2
0:1 Adeyemi (33'), 0:2 Tapsoba (53')
Zum Ofschloss vum 18. Spilldag huet sech Borussia Dortmund mat 2:0 zu Leverkusen duerchgesat. D’Werkself war an den éischte Minutten déi besser Ekipp, krut vum Adeyemi no enger gudder hallwer Stonn dann awer den éischte Gol geschoss. Och am zweeten Duerchgang war d’Lokalekipp weider gutt drop, hat d’Gléck awer net op senger Säit. Dat huet sech d’Borussia ze Notze gemaach a wënnt no engem Selbstgol vum Tapsoba mat 2:0.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Bundesliga
AC Mailand - Sassuolo 2:5
0:1 Defrel (19'), 0:2 Frattesi (21'), 1:2 Giroud (24'), 1:3 Berardi (30'), 1:4 Laurienté (47'), 1:5 Matheus Henrique (79'), 2:5 Origi (81')
Juventus - Monza 0:2
0:1 Ciurria (18'), 0:2 Dany Mota (39')
Juventus huet sech am Duell géint den Opsteiger aus Monza mat enger 0:2-Defaite virun den eegene Spectateure onglécklech misse geschloe ginn. D’Bianconeri, déi viru Kuerzem 15 Punkten an der italienescher Serie A ofgezu krut, war iwwert de ganze Match déi besser Ekipp. Déi méi effektiv Ekipp war awer de Gaascht, dee seng puer Chance notze konnt an um Enn duerch d’Goler vum Ciurria an Dany Mota glécklech wënnt.
Lazio - Florenz 1:1
1:0 Casale (8'), 1:1 Gonzalez (49')
Neapel - AS Roum 2:1
1:0 Osimhen (17'), 1:1 El Shaarawy (75'), 2:1 Simeone (86')
LINK: Den Iwwerbléck vun der Serie A
Nice - Lille 1:0
1:0 Laborde (34')
Ajaccio - Lyon 0:2
0:1 Lepenant (20'), 0:2 Lacazette (71')
PSG - Reims 1:1
1:0 Neymar (51'), 1:1 Balogun (90+6')
LINK: Den Iwwerbléck vun der Ligue 1
Osasuna - Atlético Madrid 0:1
0:1 Saul Niguez (74')
Celta Vigo - Bilbao 1:0
1:0 Iago Aspas (71')
Real Madrid - Real Sociedad 0:0