Internationale FuttballLiverpool gewënnt 2:0 géint den Opsteiger Sheffield

RTL Lëtzebuerg
Ongeschloen an dëser Saison huet Liverpool en Donneschdegowend géint den Opsteiger Sheffield den 21. Spilldag ofgeschloss an d'Serie weidergefouert.
© AFP

Op Neijoerschdag war et schonn den Duell tëscht béiden Ex-Bayern-Traineren Ancelotti a Guardiola, mat dem besseren Enn fir de Spuenier. Iwwerdeems gouf et déi 1. Victoire fir den Arsenal-Nei-Trainer Arteta géint Manchester United. Hei den Iwwerbléck vun den anere Partien.

FC Liverpool - Sheffield United 2:0

1:0 Salah (4'), Mané (64')

2020 soll dat Joer ginn, an deem Liverpool endlech seng 19. Meeschterschaft feiert. Dowéinst huet en Donneschdeg den Owend am Match géint Sheffield just eng Victoire gezielt. Zanter Méint sinn d’Jonge vum Trainer Klopp net opzehalen a begeeschtere mat flottem Futtball.

An dëse Futtball hunn d’Reds vun Ufank u géint den Underdog gewisen. Et huet keng 5 Minutte gedauert, éier de Salah op 1:0 setze konnt. Den Ägypter gouf perfekt vum Robertson an der Mëtt zerwéiert an huet aus kuerzer Distanz dem géigneresche Kipper duerch d’Bee geschoss. Liverpool huet och weider d’Ufanksphas dominéiert, den Opsteiger hat an den éischte 45 Minutten insgesamt wéineg Spillundeeler.

Nom Säitewiessel haten d’"Blades” weider Schwieregkeeten a koumen net esou richteg hannen eraus. Salah, Mané a Co. hu weider gedréckt an den 2:0 houng an der Luucht. Kuerz no der Stonn waren et och béid genannten, déi den Deckel op dës Partie geluecht hunn. War de Salah nach an der 1. Hallschecht de Buteur, huet déi ägyptesch Vedette den 2:0 vu Liverpool herrlech op de Mané virbereet - 2:0!

Um Enn war d’Victoire fir Liverpool verdéngt, och wa Sheffield ee couragéierten Optrëtt als Opsteiger op der Anfield Road gewisen huet. D’Reds hu bei engem Match manner 13 Punkten Avance op Leicester. Liverpool huet domat zanter 1 Joer net méi an der Premier League verluer. Déi lescht Néierlag war den 3. Januar 2019 1:2 géint Manchester City.

Back to Top
CIM LOGO