
Hannover - Schalke 0:1
No der Victoire vun Nürnberg um Samschdeg ass Hannover op déi leschten Tabellen-Plaz ofgerutscht. An der Partie e Sonndeg géint S04 huet deemno just een Dräier fir d’Ekipp vum Thomas Doll gezielt. An der 39. Minutt kruten d’Hannoveraner awer déi kal Dusch, dat wéi den däitschen U21-Nationalspiller Serdar de Ball fir Schalke verwandelt huet - 1:0 fir S04 no 45 Minutten.
Och wann an der HDI-Arena d’Spectateure keen héichklassege Futtball gesinn hunn, war et am 2. Duerchgang ganz spannend. Hannover hat gutt Méiglechkeeten, fir géint Schalke auszegläichen, ma 96 hat awer d’Gléck net op hirer Säit.
Frankfurt - Stuttgart 3:0
An der 45. Minutt - kuerz virun der Paus also - den éischte Gol vum Match schéissen. Et war de Kostic, dee fir den 1:0 gesuergt huet. Nom Téi konnt Frankfurt dunn nach een dropsetzen an et war hei op en Neits de Kostic, dee sech mat engem Gol an der 64. Spillminutt en évidence gesat huet.
Vu Stuttgart ass dunn net méi vill komm, esou konnt d’Eintracht an der 84. Spillminutt duerch de Jovic de Score nach op 3:0 stellen.
Frankfurt ass mat der nächster Victoire um Wee a Richtung Europa a steet elo op der Plaz 4.
LINK: Bundesliga: Dortmund iwwerhëlt Bayern an der Tabell
Cardiff - Chelsea 1:2
Am 1. Duerchgang huet et keng vu béiden Ekippe gepackt, fir ee Gol ze schéissen. Eréischt an der 2. Hallschecht huet dat ronnt Lieder de Wee an de Gol fonnt. Dobäi ass den Underdog vu Cardiff an der 46. Minutt duerch de Camarasa a Féierung gaangen, éier d’Blues an der 85. duerch den Azpilicueta ausgläiche konnten.
An der 1. Minutt vun der Nospillzäit dunn konnt de Loftus-Cheek mat sengem 2:1 nach d’Victoire fir Chelsea sécheren.
Liverpool - Tottenham 2:1
Wichteg dräi Punkten ëm den Titel konnten d’Reds op der Anfield Road aspillen. Laang huet et no engem Remis ausgesinn, ier den Alderwereild mat engem Selbstgol an der 90. Minutt op 2:1 fir Liverpool fir d’Entscheedung gesuergt huet.

Am 1. Duerchgang war d’Heemekipp duerch de Firmino an der 16. Minutt a Féierung gaangen. Am 2. Duerchgang dunn huet de Lucas Moura an der 70. awer ausgeglach. An der leschter Spillminutt koum et dann eben zu dem 2:1 fir Liverpool.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Premier League
Sevilla - Valencia 0:1
Den FC Sevilla huet virun eegene Public eng 0:1-Defaite missen astiechen. An der 1. Minutt vun der Nospillzäit vum 1. Duerchgang konnt de Paerjo seng Ekipp duerch een Eelefter a Féierung bréngen. Am 2. Duerchgang hat Sevilla näischt méi entgéintzestellen.
Real Mardid - Huesca 3:2
Schonn no 3 Minutte konnten d’Gäscht duerch den Cucho a Féierung goen, ma den Isco huet an der 25. Minutt ausgeglach. No eppes méi wéi enger Stonn huet de Cabellos Real a Féierung bruecht, ma an der 74. Minutt nees den Ausgläich, hei duerch den Etxeita. Et war de Benzema, deen déi Kinneklech an der 89. Minutt erléist huet.
LINK: Den Iwwerbléck vun der La Liga
Roma - Napoli 1:4
Mat enger batterer Néierlag fir d’Roma ass hiren Heemmatch géint Napoli ausgaangen. Direkt an der 2. Minutt konnten d’Neapolitaner duerch de Milik an den Avantage kommen. D’Roma konnt awer a Persoun vum Perotti an der 4. Minutt vun der Nospillzäit am 1. Duerchgang duerch een Eefelter ausgläichen.
Nom Téi huet de Mertens Napoli erëm a Féierung bruecht an an der 54. Spillminutt konnt de Verdi souguer nach een dropsetzen. De Younes huet an der 81. Minutt du mat sengem Gol fir Napoli den Deckel op de Match geluecht.
Inter - Lazio 0:1
Inter huet sech doheem misste géint Lazio geschloe ginn, dat no engem Gol vum Milinkovic an der 13. Minutt. An der Tabelle leien aktuell tëscht béiden Ekippen, Inter 3. a Lazio 5., nach just 5 Punkten.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Serie A
Monaco - Caen 0:1
Caen konnt auswäerts zu Monaco eng 1:0-Victoire feieren. De Gol fir d’Ekipp aus Nordfrankräich huet den Crivelli an der 23. Spillminutt geschoss.

Toulouse - PSG 0:1
De Starensembel aus Paräis huet laang gebraucht, fir zu Toulouse e Gol ze markéieren. Den Mbappé huet si no 74 Minutten erléist. Et sollt dann och bei dësem Gol bleiwen, esou datt et eng knapp Victoire fir de PSG gëtt.