BundesligaDortmund iwwerhëlt Bayern an der Tabell

RTL Lëtzebuerg
D'Bayern hunn zu Freiburg just 1:1 gläichgespillt. An der Owespartie huet Leipzieg souverän mat 5:0 gewonnen.
© afp

Fir de Kont vum 27. Spilldag konnt Dortmund doheem gewannen - d’Bayern sinn iwwerdeems zu Freiburg net iwwer ee Remis erauskomm. Soumat ass de BVB elo an der Tabell 2 Punkte virum Rekordmeeschter aus München.

Leipzig – Hertha 5:0

RB wollt am heemesche Stadion weider Punkte fir eng Champions-League-Plaz sammelen. Mat der Hertha aus Berlin huet awer keng einfach Aufgab op den Trainer Ralf Rangnick a seng Ekipp gewaart.

Ma schonn no der 1. Hallschecht war d’Heemekipp 2:0 vir, dat no Goler vu Forsberg an der 17. a Poulsen an der 27. Spillminutt. Berlin war zu deem Ament guer net an dem Match an den Trainer Pal Dardai wäert an der Kabinn wuel streng Wierder un d’Ekipp geriicht hunn.

Erwächt war d’Hertha am 2. Duerchgang awer och net. Gutt 10 Minutten no der Paus huet de Poulsen nämlech op en Neits markéiert. An der 62. Spillminutt huet den Dän du säin drëtte perséinleche Gol vum Owend markéiert - 4:0 no gutt enger Stonn Spillzäit.

An der 64. Minutt huet dunn den Haidara mat sengem 5:0 definitiv den Deckel op dës Partie geluecht, woumat d’Victoire de Bullen net méi ze huele war.

Dortmund - Wolfsburg 2:0

Mat Wolfsburg hat de BVB keen einfache Géigner virun de Broscht. D’Wölfe hunn an der Schlussphas vun der Saison nach d’Chance, an der Tabell eng europäesch Plazen ze sécheren – Dortmund wollt sengersäits weider Punkten am Kampf ëm den Titel sammelen. Ma no 45 Minutte war awer op béide Säite kee Gol gefall.

No der Paus huet d’Lokalekipp dunn d’Heft an d’Hand geholl an d’Gäscht vu Wolfsburg hanne vill beschäftegt. Esou richteg konnt sech Schwaarzgiel awer net, ma an der 1. Minutt vun der Nospillzäit huet et dunn awer gerabbelt. No engem Fräistouss, ronn 16 Meter vum Gol ewech, konnt den Alcacer vir Dortmund op 1:0 setzen. Nëmmen zwou Minutte méi spéit dunn, konnt de spuenesche Buteur souguer nach een dropsetzen an op 2:0 erhéijen.

Domat huet de BVB eng ganz gutt Affär gemaach a wichteg Punkte fir den Titel gesammelt.

Bremen - Mainz 3:1

D’Gäscht vu Mainz hunn un der Weser onbedéngt misse punkten, well hire Bilan aus de leschte Partien net positive ausgesäit. D’Heemekipp spillt dës Saison awer gudde Futtball, esou konnt ee sech ee mouvementéierte Match erhoffen. No 3 Minutten huet et dunn och fir d’éischte Kéier gerabbelt, wéi de Rashica d’Werderaner mat 1:0 an Avantage bruecht huet. Bremen hat es net genuch an huet weider op den Tempo gedréckt. Esou huet de Kruse de Score an der 36. Minutt op 2:0 gestallt.

Nom Téi koum dunn awer ee Liewenszeeche vu Mainz 05, dat wéi de Quaison an der 52. Minutt op 2:1 verkierzt huet. D’Freed vun de Rheinhessen huet awer nëmme bis an d'63. Minutt gehalen, well Bremen dunn erëm deen alen 2-Goler-Ënnerscheet duerch de Kruse hiergestallt huet.

Bremen huet an der Schlussphas d’Partie geréiert an déi dräi Punkte soumat doheem gehalen.

Freiburg - Bayern 1:1

Am Breisgau waren d’Bayern op Besuch. Nodeems Müller, Boateng an Hummels d’Lännermatch-Paus iwwer net am Asaz waren, konnt een an der Partie géint Freiburg ee staarke Rekordmeeschter erwaarden.

Bayern krut awer am Schwarzwald-Stadion an der 3. Minutt direkt déi kal Dusch, wéi den Höler Freiburg 1:0 a Féierung bruecht huet. Den FCB huet sech dunn awer gerëselt a konnt an der 22. Spillminutt duerch de Lewandowski ausgläichen - 1:1 no 45 Minutten.

Am 2. Duerchgang war et een Hin an Hier. Zwar war Bayern déi méi dominant Ekipp, Freiburg huet sech awer net verstoppt an huet och no vir gespillt. Um Enn huet d’Formatioun vum Trainer Streich ee verdéngte Punkt am Breisgau gehalen.

Düsseldorf - Gladbach 3:1

Eng ganz schwéier Aufgab huet op Gladbach zu Düsseldorf an der ESPRIT-Arena gewaart. D’Fortuna ass an dëser Saison ëmmer erëm fir eng Iwwerraschung gutt, dofir huet d’Borussia sech missen an Uecht huelen - d’Ufanksphas hunn d’Fohlen awer komplett verschlof. An der 6. Minutt konnt den Hennings schonn op 1:0 setzen, éier de Stöger an der 12. den 2:0 markéiert huet.

Keng 5 Minutte méi spéit war et op en Neits den Hennings, deen treffe konnt a soumat op 3:0 fir d’Fortuna gesat huet. Duerno huet sech de Match e bësse berouegt an et ass mat dem 3:0 op den Téi gaangen.

Am 2. Duerchgang dunn huet d’Heemekipp näischt méi ubrenne gelooss. Och wann d’Borussia nach an der 83. Spillminutt den 1:3-Uschlosstreffer markéiere konnt, stoung um Enn eng verdéngte Victoire fir Düsseldorf op der Tafel.

Nürnberg - Augsburg 3:0

Mat der Partie vun Nürnberg géint Augsburg war et fir de Club quasi d’Finall ëm den Ofstig. Nürnberg huet virun eegene Public onbedéngt misse géint Augsburg punkten, soss wier de Wee an d’2. Liga wuel méi wéi sécher. Am 1. Duerchgang hu sech béid Formatiounen awer neutraliséiert, esou datt et mat engem 0:0 op den Téi goung.

An der 52. Spillminutt ass Nürnberg duerch den Ishak a Féierung gaangen. Kuerz viru Schluss huet de Club dunn esouguer nach zweemol markéiert. An der 88. Spillminutt war de Matheus Pereria fir seng Faarwen de Buteur an just dräi Minutten drop konnt de Löwen markéieren.

Nürnberg konnt deemno no den 90 Minutten ee ganz wichtegen 3:0-Succès an der Lutte géint den Ofstig feieren.

Hoffenheim - Leverkusen 4:1

E Freiden den Owend konnt sech Hoffenheim géint Leverkusen behaapten.

LINK: Hoffenheim wënnt 4:1 géint Bayer Leverkusen

Back to Top
CIM LOGO