Internationale FuttballLiverpool gewënnt knapp géint Nottingham

RTL Lëtzebuerg
An der Tabell kënnen d'Reds déi international Plaze weiderhin areechen. A Frankräich huet Lille zu Auxerre just gläich gespillt.
© PAUL ELLIS/AFP

An der Bundesliga heescht de neien Tabelleleader Borussia Dortmund, nodeems Bayern 1:3 zu Mainz verluer huet.

Premier League

Liverpool - Nottingham Forest 3:2
1:0 Diogo Jota (47'), 1:1 Williams (51'), 2:1 Diogo Jota (55'), 2:2 Gibbs-White (67'), 3:2 Salah (70')

An der 1. Hallschent ass et kenge vu béiden Ekippe gelongen, de Ball am Gol ënnerzebréngen. Nom Téi sollt sech dat awer änneren an et ass op eemol Schlag op Schlag mat de Goler gaangen. Den Diogo Jota konnt Liverpool zweemol a Féierung bréngen, den Underdog huet awer ëmmer nees reagéiert. Nom 3:2 vum Salah an der 70. Minutt war d’Moral vun de Gäscht gebrach an d’Reds konnten de Virsprong iwwer d’Arrivée bréngen. An Tabell ka Liverpool weiderhin d’Europa-Plazen areechen.

LINK: Den Iwwerbléck vun der Premier League

Ligue 1

Auxerre - Lille 1:1
0:1 David (36', Eelefmeter), 1:1 Niang (62')

Fir Lille gëtt et nom 1:1-Remis géint Auxerre schwéier, fir sech nach fir d’Champions League ze qualifizéieren. D’Gäscht ware virun der Paus a Féierung gaangen. Nom Säitewiessel huet d’Heemekipp gutt matgehalen. De Niang huet an der 62. Minutt de verdéngten Ausgläich markéiert. Lille huet no vir alles probéiert, en 2. Gol sollt awer net méi falen.

LINK: Den Iwwerbléck vun der Ligue 1

La Liga

Real Sociedad - Rayo Vallecano 2:1
0:1 Palazon (57'), 1:1 Sörloth (59'), 2:1 Lejeune (81', Selbstgol)

D’Iwwerraschungsekipp Real Sociedad huet a Spuenien eng weider Victoire gefeiert. No der Paus huet d’Ekipp trotz dem 0:1-Réckstand net labber gelooss a konnt de Match duerch de Sörloth an e Selbstgol komplett dréinen. Real Sociedad steet an der Tabell op der 4. Plaz an huet 6 Punkte Virsprong op Betis Sevilla, déi op der 5. Plaz stinn.

LINK: Den Iwwerbléck vun der La Liga

Back to Top
CIM LOGO