Boxing DayLiverpool klappt Aston Villa, Remis tëscht Brentford an Tottenham

RTL Lëtzebuerg
Um traditionelle Boxing Day war et an der englescher Premier League d'Suite vum Futtball-Championnat.
© AFP

Tottenham koum e Méindeg de Mëtteg zu Brentford net iwwer en 2:2 eraus. Nodeems d’Ekipp aus der englescher Haaptstad schonns mat 0:2 hanne war konnte si duerch Goler vu Kane an Höjbjerg awer op d’mannst nach e Punkt mat heem huelen.

Den FC Fulham konnt sech auswäerts mat 3:0 géint Crystal Palace duerchsetzen. D’Haushäre ware vun der 57. Minutt u just nach zu 9 a kruten an der Suite nach zwee Goler geschoss.

D’Wolverhampton Wanderers wanne mat 2:1 géint Everton. Den Ait Nouri huet an der 5. Minutt vun der Nospillzäit fir den decisive Gol gesuergt.

Brighton & Hove Albion ka sech iwwer eng kloer 3:1 Victoire zu Southampton freeën. De Ward-Prowse konnt nach fir den Éieregol suergen.

Bei Newcastle United leeft et dës Saison weiderhi richteg gutt. Beim Auswäertsmatch géint Leicester City gouf et en 3:0-Erfolleg an domat klotert Newcastle an der Tabell op déi zweete Plaz.

Den FC Liverpool huet sech géint Aston Villa laang Zäit schwéier gedoen, ma um Enn konnte sech d’Jonge vum Trainer Jürgen Klopp nawell mat 3:1 duerchsetzen.

Den FC Arsenal bleift weider souverän un der Tabellespëtzt. Mat 3:1 wannen d’Gunners doheem géint West Ham United.

Weider konnt sech Chelsea um Dënschdeg doheem 2:0 géint Bournemouth behaapten a Manchester United wënnt 3:0 géint Nottingham.

Back to Top
CIM LOGO