Internationale FuttballLiverpool klappt Burnley a ManCity iwwerrennt Norwich

RTL Lëtzebuerg
Um 2. Spilldag an der Premier League huet Liverpool seng 2. Victoire an dëser Saison gefeiert. Fir Manchester City sinn et déi éischt dräi Punkten.
Den Diogo Jota freet sech iwwert säi Gol fir Liverpool.
Den Diogo Jota freet sech iwwert säi Gol fir Liverpool.
© AFP

An der Bundesliga ass de Ball e Samschdeg och gerullt.

Premier League

Liverpool - Burnley 2:0
1:0 Jota (18'), 2:0 Mané (69')

Um 2. Spilldag an der Premier League gouf et déi 2. Victoire fir Liverpool. Mat 2:0 huet ee sech géint Burnley duerchgesat. Déi 90 Minutten iwwer war d’Ekipp vum Jürgen Klopp déi besser Ekipp. No enger chaotescher Ufanksphas war een duerch de Jota an der 18. Minutt a Féierung gaangen. An der 69. Minutt hat de Mané op 2:0 erhéicht. Um Enn sollt et bei deem Score bleiwen, och wa Liverpool duerchaus Chancen op e weidere Gol hat.

Burnley huet dës Saison béid Matcher verluer.

Manchester City - Norwich City 5:0
1:0 Krul (7', Selbstgol), 2:0 Grealish (22'), 3:0 Laporte (64'), 4:0 Sterling (71'), 5:0 Mahrez (84')

Den englesche Champion Manchester City huet sech vun der Optaktnéierlag géint Tottenham Hotspur gutt erhuelt gewisen an huet virun den eegene Spectateuren an engem ganz eesäitege Match eng och an där Héicht verdéngte 5:0-Victoire géint Norwich City gefeiert.

Fir ManCity huet de Grealish, dee fir 118 Millioune bei den englesche Champion gewiesselt war, säin éischte Gol geschoss.

LINK: Den Iwwerbléck vun der Premier League

Serie A

Inter Mailand - Genua 4:0
1:0 Skriniar (6'), 2:0 Calhanoglu (14'), 3:0 Vidal (74'), 4:0 Dzeko (87')

Inter Mailand huet direkt um éischte Spilldag an der Serie A deenen anere Veräiner eng Uso gemaach. De Champion huet de komplett iwwerfuerderte Kader vu Genua héichverdéngt mat 4:0 geklappt. Sollt een dësen Niveau bäibehalen, datt ass dëst Joer och nees mat der Ekipp vum Nerazzurri ze rechnen an dat trotz den Departe vun Antonio Conte a Romelu Lukaku. Déi nei Spiller Calhanoglu an Dzeko wousste vun der éischter Minutt un ze iwwerzeegen.

LINK: Den Iwwerbléck vun der Serie A

Ligue 1

AS Monaco - Lens 0:2
0:1 Ganago (51'), 0:2 Banza (90+5')

An dëser Saison leeft et weider net gutt fir Monaco. Am eegene Stadion huet een um 3. Spilldag mat 0:1 géint Lens de Kierzere gezunn. Domadder gouf et dës Saison bis ewell eréischt ee Punkt. Lens huet der 5. D’Goler fir d’Gäscht hunn de Ganago an de Banza geschoss.

Saint-Etienne - Lille 1:1
0:1 Yilmaz (38'), 1:1 Sow (85')

No engem Gol vum Yilmaz géint der Enn vun der éischter Hallschent hat et laang no enger Victoire fir Lille ausgesinn. Ma d’Lokalekipp konnt kuerz viru Schluss nach ausgläichen an dat duerch e Kappball vum Sow.

LINK: Den Iwwerbléck vun der Ligue 1

La Liga

Athletic Bilbao - FC Barcelona 1:1
1:0 Martinez (50'), 1:1 Depay (75')

Den FC Barcelona hat den éischte Match nom Depart vum Lionel Messi géint San Sebastian gewonnen. Zu Bilbao hunn d’Katalanen elo awer däitlech Schwäche gewisen a waren um Enn mat engem 1:1 nach gutt eraus. D’Basken hu sech als besser Ekipp erwisen. Bilbao war gëfteg am Mëttelfeld an huet séier an direkt no vir gespillt. De Gol wollt awer net esou richteg falen. Eréischt an de 50. Minutt huet de Martinez dat ronnt Lieder an de Filet gesat. An de leschten 30 Minutten ass Barca, déi Defensiv esou hir Schwieregkeeten haten, ëmmer méi staark ginn an d’Spill ass an hir Richtung gekippt. Um Enn konnt den Depay mat sengem éischte Gol an der La Liga nach de Punkt fir d’Gäscht sécheren.

LINK: Den Iwwerbléck vun der La Liga

Back to Top
CIM LOGO