
De Resumé vun der Bundesliga fannt dir an eisem separaten Artikel.
Aus der zweeter Bundesliga ass et d’Nouvelle, dass Schalke 04 no just engem Joer an der Zweetklassegkeet an der nächster Saison nees an der Bundesliga spille wäert. Schalke setzt sech am Owesmatch 3:2 géint St. Pauli duerch.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Bundesliga
Chelsea - Wolverhampton 2:2
1:0 Lukaku (56', Eelefmeter), 2:0 Lukaku (58'), 2:1 Trincao (79'), 2:2 Coady (90'+7)
Chelsea krut an der éischter Hallschent e Gol wéinst Abseits no Iwwerpréiwung vum VAR oferkannt. Trotz ville Golchancen op béide Säiten ass et mat 0:0 an d’Paus gaangen. Nom Säitewiessel krut Chelsea en Eelefmeter zougesprach, deen de Lukaku eragesat huet. Kuerz drop huet de Lukaku e weidere Gol markéiert. Wolverhampton huet sech awer net hänke gelooss an ass duerch den Trincao nach eng Kéier zeréckkomm. An der siwenter Minutt vun der Nospillzäit konnten d’Gäscht nach ausgläichen.
Brighton - Manchester United 4:0
1:0 Caicedo (15'), 2:0 Cucurella (49'), 3:0 Gross (57'), 4:0 Trossard (60')
ManU weist weiderhi schwankend Performancen a kënnt mat 0:4 zu Brighton ënner d’Rieder. D’Red Devils hate Chance, dass si just mat 0:1 an d’Paus geschéckt goufen. An der zweeter Hallschent huet Manchester bannent 11 Minutten de Match verluer, well se dräi Goler geschoss kruten. Duerno konnte si sech net méi dovun erhuelen.
Liverpool - Tottenham 1:1
0:1 Son (56'), 1:1 Diaz (74')
Liverpool léisst duerch den 1:1 géint Tottenham Plommen am Kampf ëm d’Meeschterschaft. D’Reds waren zwar de ganze Match iwwer iwwerleeën a konnt sech vill Golchancen erausspillen, mee et sollt um Enn net duer goen. Tottenham war den erwaart schwéiere Géigner an huet Liverpool d’Liewe schwéier gemaach. Manchester City ka soumat um Sonndeg e wichtege Schrack a Richtung Titelverdeedegung maachen.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Premier League
FC Turin - Neapel 0:1
0:1 Ruiz (73')
Déi knapp Victoire vun Neapel war schlussendlech verdéngt. No engem verschossenen Eelefmeter huet Neapel vill Drock gemaach a sech ëmmer erëm Golchancen erausgespillt. De Fabian Ruiz huet e Feeler vun Turin genotzt an zum 1:0 eragesat. Den FC Turin hat dem Spill vun Neapel net vill entgéint ze setzen. Neapel bleift domat Drëtten an der Tabell hannert béide Mailänner Ekippen.
Lazio Roum - Sampdoria Genua 2:0
1:0 Patric (41'), 2:0 Alberto (59')
Duech dës Victoire huet Lazio eng Plaz fir d’Europa League an der nächster Saison esou gutt wéi sécher. Lazio huet seng Chancen, déi se kritt hunn, genotzt an de Match iwwer wäit Strecken souverän gemeeschtert.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Serie A
Brest - Stroossbuerg 0:1
0:1 Gameiro (72')
Duerch dës Victoire huet Stroossbuerg nach all d’Chancen, fir an der nächster Saison no 16 Joer nees international matzespillen. De Veräin aus dem Elsass läit elo mat 60 Punkten op der fënnefter Plaz. Brest hat am Géigenzuch d’Chance direkt auszegläichen, mee krut de Gol duerch de VAR oferkannt.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Ligue 1
Betis Sevilla - Barcelona 1:2
0:1 Fati (76'), 1:1 Bartra (79'), 1:2 Jordi Alba (90'+4)
Den FC Barcelona gewënnt d’Duell vun de Verfollger, awer an der leschter Minutt. Et war en intensive Matc zu Sevilla a d’Blaugrana haten et virun der Paus schwéier sech Chancen erauszespillen. Den Ansu Fati huet eng Minutt no senger Awiesslung den 1:0 markéiert, mee Barcelona konnt sech net laang freeën, well Betis quasi am Géigenzuch duerch de Bartra ausgeglach hat. An der Nospillzäit war et um Altstar Jordi Alba, fir fir seng Faarwen ze markéieren. Mat dëser Victoire huet Barcelona och d’Qualifikatioun fir d’Champions League an der Täsch.