Internationale FuttballLiverpool verléiert iwwerraschend géint Bournemouth

RTL Lëtzebuerg
Donieft setzt Neapel sech géint Atalanta duerch, wärend PSG an der Nospillzäit géint Brest gewënnt.
© AFP

Premier League

AFC Bournemouth - FC Liverpool 1:0
1:0 Billing (28')

Liverpool war zwar virun allem an der zweeter Hallschent géint den Tabelleleschten déi besser Ekipp, ma konnt bis zum Schluss awer keng Äntwert méi op dem Billing säi Gol fannen. An der 70. Minutt huet de Salah mat engem Eelefmeter déi gréisst Chance op den Ausgläich leie gelooss. D’"Reds” hunn domat nom 7:0 géint Manchester United nees ee Réckschlag erlieft, éier et ënnert der Woch an der Champions League géint Real Madrid weidergeet.

Leicester City - FC Chelsea 1:3
0:1 Chilwell (11'), 1:1 Daka (39'), 1:2 Havertz (45+6'), 1:3 Kovacic (78')

Nodeems Chelsea ënnert der Woch géint Dortmund an der Champions League weiderkomm ass, konnten d’"Blues” och géint Leicester City gewannen. Dem Chilwell seng Féierung gouf nach vum Daka egaliséiert, kuerz virun der Paus konnt den Havertz awer nees op 1:2 setzen, éier de Kovacic no 78 Minutten den Deckel dropgemaach huet.

Crystal Palace - Manchester City 0:1
0:1 Haaland (78', Eelefmeter)

Laang huet et zu London duerno ausgesinn, wéi wann d’"Citizens” net géifen iwwert ee Remis erauskommen. An der 78. Minutt war et awer dunn den Haaland per Eelefmeter, deen dofir gesuergt huet, dass seng Ekipp virum Match géint Leipzig an der Champions League an der Liga den Uschloss un Arsenal net verléiert.

LINK: Den Iwwerbléck vun der Premier League

Serie A

SSC Neapel - Atalanta Bergamo 2:0
1:0 Kvaratskhelia (60'), 2:0 Rrahmani (77')

Virum Duell géint Frankfurt an der Champions League huet Neapel d’Aufgab géint Atalanta erfëllt. No enger Stonn konnt de Kvaratskhelia d’Neapolitaner a Féierung bréngen, éier de Rrahmani d’Partie entscheet huet. Neapel huet domadder elo an der Tabell ganzer 18 Punkten op den Tabellenzweeten.

FC Bologna - Lazio Roum 0:0

LINK: Den Iwwerbléck vun der Serie A

Ligue 1

AJ Auxerre - Stade Rennes 0:0

Stade Brest - Paris Saint-Germain 1:2
0:1 Soler (37'), 1:1 Honorat (43'), 1:2 Mbappé (90+1')

No der schwaacher Leeschtung zu München ënnert der Woch ka PSG zu Brest a leschter Minutt nach gewannen. Dem Soler säi Gol gouf just e puer Minutten drop vum Honorat ausgeglach an trotz ville Geleeënheete huet et laang sou ausgesinn, wéi wann déi Paräisser keng 3 Punkte géife mathuelen. An der Nospillzäit war et awer dunn den Mbappé, dee seng Ekipp awer nach zur Victoire geschoss huet.

LINK: Den Iwwerbléck vun der Ligue 1

La Liga

Real Madrid - Espanyol Barcelona 3:1
0:1 Joselu (8'), 1:1 Vinicius (22'), 2:1 Militao (39'), 3:1 Asensio (90+3')

Nodeems d’Lokalekipp fréi a Réckstand geroden ass, konnt si d’Partie nach an der éischter Hallschent dréinen. Am zweeten Duerchgang hate béid Formatiounen nach eng Partie gutt Geleeënheeten op ee weidere Gol, an um Enn sollt den Asensio kuerz viru Schluss fir d’Entscheedung suergen.

FC Valencia - CA Osasuna 1:0
1:0 Kluivert (74')

LINK: Den Iwwerbléck vun der La Liga

Back to Top
CIM LOGO