Internationale FuttballLiverpool wënnt den Derby géint Everton

RTL Lëtzebuerg
An der Partie um Méindeg den Owend fir de Kont vum 23. Spilldag an der Premier League huet Liverpool 2:0 géint Everton gewonnen.

Premier League

Liverpool - Everton 2:0
1:0 Salah (36'), 2:0 Gakpo (49')

D’Reds haten um Méindeg eppes ze beweisen, och well géint Everton een Derby, de sougenannte Merseyside-Derby, um Programm stoung. No 3 Spiller an der Premier League ouni Gol war et an der 36. Minutt den 1:0 vum Salah, deen dës Negativ-Serie fir Liverpool konnt op en Enn bréngen.

Och der 2. Hallschent hat den 18.-Klasséierten Everton net vill entgéint ze setzen. Nom 2:0 vum Gakpo war et kloer, datt sech d’Ekipp vum Jürgen Klopp d’Victoire net méi géing huele loossen. Domadder ass Liverpool elo op der Plaz 9 an der Tabell.

LINK: Den Iwwerbléck vun der Premier League

Serie A

Hellas Verona - US Salernitana 1:0
1:0 Ngonge (31')

Sampdoria Genua - Inter Mailand 0:0

LINK: Den Iwwerbléck vun der Serie A

La Liga

Espanyol Barcelona - Real Sociedad 2:3
0:1 Kubo (23') 0:2 Sørloth A. (51'), 0:3 Cabrera (63'), 1:3 Darder (74'), 2:3 Olivan (87')

LINK: Den Iwwerbléck vun der La Liga

Back to Top
CIM LOGO