
Den 69 Joer ale van Gaal kritt e Kontrakt bis no der Wanter-WM 2022 am Katar, dëst huet den hollännesche Verband KNVB e Mëttwoch bekannt ginn.
Am Mäerz 2019 hat hien nach ugekënnegt, als Trainer opzehalen, fir méi Zäit mat senger Fra kënnen ze verbréngen. Ma fir de van Gaal wier et awer eng “Éier, déi hollännesch Nationalekipp ze trainéieren. Déi nächst Qualifikatiounsmatcher si fir d’WM-Participatioun direkt entscheedend. Ech freeë mech drop, zesummen d’Aarbecht ze erleedegen.”
De van Gaal, deen a senger Trainerkarriär ënner anerem beim FC Barcelona, bei Bayern München a bei Manchester United täteg war, gëtt domat fir déi 3. Kéier “Bondscoach”. Hien huet dee Posten nämlech scho vun 2000 bis 2002 a vun 2012 bis 2014 besat.
Den Hollänner trëtt doduerch d’Nofolleg vum Frank de Boer un, deen nom fréien Ausscheede bei der Europameeschterschaft als Trainer vun der “Elftal” zréckgetruede war.