Futtball-NationalekippLuc Holtz äussert sech am RTL-Interview iwwer "Out" vu Rodrigues an Thill

Tim Hensgen
D'Lëtzebuerger Futtball-Nationalekipp spillt en Dënschdeg den Owend an der EM-Qualifikatioun a Bosnien-Herzegowina.
De Luc Holtz am RTL-Interview
De Lëtzebuerger Nationaltrainer äussert sech iwwer den Out vum Gerson Rodrigues a Vincent Thill.

Dat allerdéngs ouni de Gerson Rodrigues an de Vincent Thill, déi allebéid net méi Deel vum Kader sinn. De Vincent Thill huet aus perséinleche Grënn d’Ekipp no der Partie géint Liechtenstein verlooss an och bis elo keng Erklärung dozou ofginn.

De Gerson Rodrigues huet sonndes moies gefeelt, hie war weder mat der Ekipp um Kaffisdësch, nach um Training an doropshin hätt de Luc Holtz hien aus dem Kader suspendéiert, dat sot den Nationaltrainer am RTL-Interview. Virum Vol a Bosnien huet de Luc Holtz am Interview beim Serge Olmo op dës Faite reagéiert.

De Luc Holtz am RTL-Interview
De Lëtzebuerger Nationaltrainer äussert sech iwwer den Out vum Gerson Rodrigues a Vincent Thill.

Back to Top
CIM LOGO