Am Stade de Luxembourg heescht de Géigner Liechtenstein. No der 0:1-Defaite viru ronn enger Woch géint Malta gëllt et fir d’Ekipp vum Luc Holtz eppes gutt ze maachen. D’Rout Léiwe ginn als klore Favorit an dëse Match, obwuel ee géint Liechtenstein bis dato nach ni gutt ausgesinn huet.
Bis ewell goufen et 4 Dueller mat Liechtenstein. 3 Mol hunn d’Rout Léiwen dee Kierze gezunn, eemol gouf et ee Remis. De leschte Match gouf et am Joer 2020. Do huet Lëtzebuerg sech mat 1:2 misse geschloe ginn. Nom 0:0-Remis an der Slowakei an der 0:6-Defaite heiheem géint Portugal stinn d’Rout Léiwe mat engem Punkt op der 5. Plaz an der Tabell. D’Ekipp vum Luc Holtz geet trotzdeem als grousse Favorit an dës Partie géint den Tabelleleschten.
Viru ronn enger Woch géint Malta ass villes net sou gelaf wéi een et wollt. Blesséiert wäert de Mica Pinto fir de Rescht vun der Saison ausfalen, allerdéngs ass den Danel Sinani no senger rout Spär nees mat dobäi.
Groussaarteg op de Géigner astelle ka sech d’Ekipp vum Luc Holtz awer net. Zanter Ufank Juni ass de Konrad Fünfstück den neien Trainer vu Liechtenstein an et ass schwéier ze soen, wéi d’Visiteuren um Terrain wäerten agéieren.
De Match géint Liechtenstein ass mat ronn 9.000 Tickete komplett ausverkaaft. Op RTL ZWEE an op RTL.lu kënnt Dir de Match e Samschdeg live suivéieren.