Luxembourg Ladies Tennis MastersLucie Safarova an Anett Kontaveit an den Halleffinallen

RTL Lëtzebuerg
E Freideg den Owend war et d'Suite vun de Véierelsfinalle vun de Luxembourg Ladies Tennis Masters.

D’Lucie Safarova aus Tschechien huet an hirer Véierelsfinall kuerze Prozess mat der Franséisin Pauline Parmentier gemaach. Mat enger klorer 2-Saz-Victoire (6:1 a 6:1) huet si sech fir d’Halleffinalle qualifizéiert. Hei kritt si et e Samschdeg da mam Anett Kontaveit aus Estland ze dinn. Si hat sech e Freideg am Nomëtteg och an 2 Sätz (6:4 a 6:4) géint d’Monica Puig aus Puerto-Rico behaapt.

Schonn en Donneschdeg den Owend haten d’Mandy Minella an d’Andrea Petkovic den Ticket fir d’Halleffinalle geléist. Si treffen e Samschdeg an der éischter Halleffinall openeen.

D’Halleffinalle fänken um 17 Auer un.

Hei fannt Dir d’Fotoe vun de Luxembourg Ladies Tennis Masters.

De weidere Programm

Luxembourg Ladies Tennis Masters: Halleffinallen
(mat Kommentar vum Tim Hensgen a Gilles Kremer)
Samschdeg, 21. Oktober 1. Halleffinall vu 17h un - Programm vum RTL ZWEE
déi zweet Halleffinall gëtt am Stream op RTL.lu gewisen.

Luxembourg Ladies Tennis Masters: Finall
(mat Kommentar vum Tim Hensgen a Gilles Kremer)
Sonndeg, 22. Oktober vu 14.30h un - Programm vum 1. RTL

Back to Top
CIM LOGO