
Déi nei Ironman-Weltmeeschterin no 3,8 Kilometer Schwammen, 180 Kilometer Vëlofueren an engem Marathon ass d’Brittin Lucy Charles-Barclay. Si huet d’Course op Hawaii vum éischte Meter un ugefouert a sech um Enn an 8:24:31 Stonne mat Streckerekord verdéngt duerchgesat.
D’Anne Haug, Weltmeeschterin vun 2019, gouf mat enger Zäit vun 8:27:33 Stonnen déi Zweet. Si huet de Marathon-Rekord ëm iwwer zwou Minutten op 2:48:23 Stonne verbessert a war esou nach op de Podium gestiermt. Um Podium stoung och nach d’Laura Philipp aus Däitschland.
D’Lëtzebuergerin Daniele Flammang ass mat enger Zäit vun 11:08:18 Stonnen an der Alterskategorie F50-54 op déi 12. Plaz komm. Ënnert 2039 Dammen ass et déi 349. Plaz.
Fir déi zweet Lëtzebuergerin um Depart ass et mat enger Zäit vun 11:08:55 Stonnen déi 77. Plaz an der Alterskategorie F30-34. Am General gëtt si déi 353..
De WM-Titel bei den Häre war scho viru ronn engem Mount zu Nice verdeelt ginn. Gewonnen hat hei iwwerraschend de Sam Laidlow. Mat enger Zäit vun 8:06:22 Stonnen hat sech de Fransous mat senge 24 Joer zum jéngsten Ironman-Weltmeeschter vun allen Zäite gekréint. De Podium komplettéiert hunn de Patrick Lange aus Däitschland an de Magnus Ditlev aus Dänemark.
D’nächst Joer ass d’Ironman-WM vun de Männer nees op Hawaii.