
Ënnert anerem kritt et de Champion Fola mam FC Luerenzweiler (1. Divisioun) ze dinn an den F91 Diddeleng muss op Uewerkuer (1. Divisioun).
De Champion bei den Dammen, de Stater Racing, muss op Bous (Liga 2) an den SC Beetebuerg spillt géint d’Entente Wuermer/Mënsbech/CSG.
D’Matcher si fir den 3. Oktober (Coupe de Luxembourg), den 13. Oktober (Coupe FLF), den 3. November (Coupe des Dames) an de 24. Oktober (Coupe Futsal) geplangt.
Hei nach eng Kéier alleguer d’Matcher am Iwwerbléck.